Ëffentlech n°1657

Petitionnär/in: Bob Gebelé

Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion

Zil vun der Petitioun

Zil ass en lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler fir den neien nationalen Stadion. Den Numm vum neien Stadion huet eng immens Symbolkraaft hei am Land awer och international. En lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger Lëtzebuerger ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Den neien Stadion ass eng ganz symbolträchteg Plaz fir eist Land, de Numm wäert vun jidderengem bekannt an benotzt ginn. An de nationalen an internationalen Sportmedien wäert den Numm oft virkommen an esou eng Vitrinn fir eist Land duerstellen.

ofgelaf  17.09.2020
1081 /4.500
24%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
17.11.2020

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
11.11.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1657 ass den 11-11-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

05.10.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

30.09.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1657 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-09-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1081

18.09.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1657 z'ënnerschreiwen ass den 18-09-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1081

07.08.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1657 ka vum 07-08-2020 un ënnerschriwwe ginn

06.08.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1657 gouf den 06-08-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-08-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-09-2020 um 23h59

05.08.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-08-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1657 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

20.07.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1657 gouf den 20-07-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion

Zil vun der Petitioun: Zil ass en lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler fir den neien nationalen Stadion.

Den Numm vum neien Stadion huet eng immens Symbolkraaft hei am Land awer och international.

En lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger Lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler bréngt eng Rei vun Virdeeler:

1- eng méi grouss Akzeptanz vum neien Stadion

2- eng besser Identifikatioun mam Stadion an mam Sport

3- eng méi originell, typesch lëtzebuergesch Ausstralung no baussen

4- am Fall vum Numm vun enger Perséinlechkeet: eng Méiglechkeet esou, eng fir eise Sport oder fir eist Land wichteg Persoun anstänneg ze éieren.

5- en flott Zeechen fir eis Sprooch ze promovéieren an ze weisen.

6- de Lëtzebuerger Nationalstadion wou d'Nationalequippen spillen, soll logescherweis och an der Lëtzebuergescher Sprooch sinn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Den neien Stadion ass eng ganz symbolträchteg Plaz fir eist Land, de Numm wäert vun jidderengem bekannt an benotzt ginn. An de nationalen an internationalen Sportmedien wäert den Numm oft virkommen an esou eng Vitrinn fir eist Land duerstellen.