Ëffentlech n°1461

Petitionnär/in: François Zeien

Beem planzen als Alternativ zur CO2-Steier

Zil vun der Petitioun

CO2-Steier nët anféieren, dofir eng Etude an Optrag gin, wou soll ausgerechnet gin, wéivill Beem an aaner Pflanzen missten an Lëtzebuerg gepflanzt gin, fir dass Lëtzebuerg CO2 neutral wir, an wéivill Fläch een dofir bréicht, an wou et ideal wir, déi ze maan.

Motivatioun vun der Petitioun

Et ass gewosst, dass an der Natur alles, waat Fotosynthese mëcht, den CO2 bënnt, an Sauerstoff doraus produzéiert, waat fir all Liewen op dësem Planéit wichteg ass. Wir daat nët éischter vun Intérêt, wéi den Leit eng weider Steier opzebrummen? Aaner Länner wéi Indien sin schon an där Thematik ... méi

ofgelaf  20.02.2020
864 /4.500
19%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
10.07.2020

Deklaratioun vun der Cloture

27.05.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1461 ass den 27-05-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.03.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.03.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1461 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-03-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 864

11.03.2020

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 19

11.03.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 845

21.02.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1461 z'ënnerschreiwen ass den 21-02-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 850

10.01.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1461 ka vum 10-01-2020 un ënnerschriwwe ginn

09.01.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit mam Text vun der Petitioun

09.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1461 gouf den 09-01-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-01-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-02-2020 um 23h59

08.01.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 08-01-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1461 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.12.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1461 gouf den 16-12-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Beem planzen als Alternativ zur CO2-Steier

Zil vun der Petitioun: CO2-Steier nët anféieren, dofir eng Etude an Optrag gin, wou soll ausgerechnet gin, wéivill Beem an aaner Pflanzen missten an Lëtzebuerg gepflanzt gin, fir dass Lëtzebuerg CO2 neutral wir, an wéivill Fläch een dofir bréicht, an wou et ideal wir, déi ze maan.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et ass gewosst, dass an der Natur alles, waat Fotosynthese mëcht, den CO2 bënnt, an Sauerstoff doraus produzéiert, waat fir all Liewen op dësem Planéit wichteg ass. Wir daat nët éischter vun Intérêt, wéi den Leit eng weider Steier opzebrummen? Aaner Länner wéi Indien sin schon an där Thematik eis en Schratt am viraus. Lëtzebuerg kinnt an Europa mat sou enger Etude Virreider sin, an en gut Beispill weisen, wéi een den Klimawandel och ouni CO2-Steier kann an den Grëff kréien. Daat giff och eventuell Zäit erausschloen, fir d'Kannerkrankheeten vum Elektroauto wéi Tesla auszekuréiren, fir den Leit eng sëcher Alternativ unzebidden, wou keen muss färten, bei engem Accident duerch eng Batterieexplosioun an Stécker gerappt ze gin, respektiv dass den Auto beim Lueden Feier fänkt. Et sollt een an zwou Richtungen schaffen, d'Natur an Ëmwelt opbauen, an op eng sëcher Alternativ zur aktueller Mobilitéit vun Diesel an Benzin. Een wëllen um all Präis forcéieren, mat Steieren op eng nach onsëcher Alternativ emzeklammen ass den falschen Wee.