Ëffentlech n°1379

Petitionnär/in: Camille Muller

Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Zil vun der Petitioun

Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt ... méi

ofgelaf  01.11.2019
483 /4.500
11%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.01.2020

Deklaratioun vun der Cloture

08.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1379 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.11.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1379 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-11-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 482

13.11.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 483

02.11.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1379 z'ënnerschreiwen ass den 02-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 483

20.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1379 ka vum 20-09-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.09.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1379 gouf den 19-09-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-09-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 01-11-2019 um 23h59

18.09.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-09-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1379 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

03.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1379 gouf den 03-09-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Pétition publique n°1379: Fërderung vun enger “Ernierungstransitioun“ (Ernährungswende / Transition alimentaire (mat „TA“ ofgekierzt ) fir Klima an Ëmwelt a méi Autarkie, net just awer besonnesch an der ëffentlecher Gastronomie. Dëst an ëffentlech (Schoul)kantinne, "Maisons relais" wou eng Demande bestoe kann - a net zu gudder lescht d'Fërderung vun enger TA iwwert de Moossnamekatalog vum KLIMAPAKT fir d'Gemengen mat senge verschidden Restauratiounen an Ententen ze sensibiliséieren.

Zil vun der Petitioun: Eisen Ernierungssstil huet en elementaren Impakt op Ekologie a global Nahrungsgerechtegkeet. Mir brauchen dohier eng Transitioun zu enger nohalteger Ernierung. Lëtzebuerg huet zwar eng Suffizienz bei Fleesch a Mëllech, déi awer op d’Ofhängegkeet vun Fudderimporter (Stéchwuert „Mercosur“) gekoppelt a vun enger flächegebonnener Produktioun entkoppelt ass. Dogéint bleift d’Produktioun vun planzleche Produkter wéi Uebst, Hülsenfrüchte awer besonnesch Geméis marginal. Et sief gläich gesot dass et per se keng schlecht Ernierungsform gëtt, wann se responsabel praktizéiert gëtt. Wéi ee sech erniert ass awer och e perséinleche Choix, mat engem globalem Impakt. Fir eng TA ze fërderen, muss de richtege Choix offréiert ginn fir dass jiddereen, vum Mischköstler bis zum Vegetarier/Vegetalier, zu enger méi responsabeler Ernierung bäidroe kann. Leider steet awer eng ze oft fleeschbetounten Ernierung am Virdergrond. Dobäi däerf déi vegetaresch a reng planzlech Ernierung net vergiess ginn. Et geet net drëms fir d’Leit eng aner Ernierung opzedrängen, ma éischter fir déi wuessend Populatioun vu Vegetarier, Veganer an zeguer Flexitarier déi ë.a. och aus ekologesche Grënn hiere Choix machen, an hirem Effort ze ënnerstëtzen. Mat de richtechen Instrumenter kann een dobäi och déi Populatioun sensibiliséieren, déi iwwert hier verfügbar Ressourcen eraus konsuméieren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Bei der richteger Offer hëllt een och zugläich seng Responsabilitéit fir ze weisen wéi een eng vegetaresch Ernierung ofwiesslungsräich, gesond a klimafrëndlech zesummestelle kann (quid dass et sech bei Vegetarier a Veganer ëm Leit handelt déi sech mat der Ernierung scho vill ofginn a gutt Bescheed wëssen). Weider gehéieren dozou d’Sensibiliséierung zu engem méi responsabele Fleeschkonsum. E gudde Guide fir e responsabele Fleeschkonsum ass de Fleeschflyer vum Landwirtschaftsministère (2016) dee sech mat Recommandatiounen aus dem Klimaschutz iwwerschneid. Och d’Wäertschätzung vum ganzen Déier (from nouse to tail) muss hei erafléissen. Zu der Diskussioun gehéiert sëcher och d‘Fërderung vun enger emissiounsaarmer Landwirtschaft déi de "Circuit court" an der ëffentlecher Restauratioun favoriséiert. Hei ass och d‘Potenzial fir déi 20% Biolandwirtschaft mat enger flächegebonnener Déierenhaltung ze ennerstëtzen. Och e besseren Approvisionnement vu regionale Produkter, déi eis Landwirtschaft bei (souwäit wéi méigelech) beschter Standuertméigelechkeet a neister Ubautechnik diversifizéiere kann, gehéiert zu dëser Diskussioun.