Ëffentlech n°1368

Petitionnär/in: André Steffen

Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Zil vun der Petitioun

D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Motivatioun vun der Petitioun

Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach ... méi

ofgelaf  01.11.2019
2282 /4.500
51%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.01.2020

Deklaratioun vun der Cloture

08.01.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1368 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

18.11.2019

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

13.11.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1368 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 13-11-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 2279

13.11.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 2282

01.11.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1368 z'ënnerschreiwen ass den 01-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 2282

20.09.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1368 ka vum 20-09-2019 un ënnerschriwwe ginn

19.09.2019

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

19.09.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1368 gouf den 19-09-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-09-2019 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 01-11-2019 um 23h59

18.09.2019

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 18-09-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1368 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

20.08.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1368 gouf den 20-08-2019 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Remboursement vun de Seancen beim Psycholog duerch CNS

Zil vun der Petitioun: D'Remboursementer vun den Seancen bei den Psychologen vun der CNS rembourséiert ze kréien fir dass en d'Leit déi Hëllef an Usproch huele kennen an net aus finanzieller Grënn hir Therapie astelle mussen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi erschreckend Zuel vun de Leit déi hei am Land Selbstmord maachen oder et versichen, misst eis Regierung stutzeg maachen an endlech dozou beweegen, dass d'Sëtzungen bei engem Psycholog vun der CNS rembourséiert ginn. Dobäi läit d'Donkelziffer vun de Leit déi keen Auswee méi wëssen nach vill méi héich. Vill Leit leiden u séileschen an och kierperlechen Problemer a versichen als éischt eleng oder mat Hëllef vu Frënn domadder kloer ze kommen. Oft hunn se hiren Dokter an d'Vertrauen gezunn. Dat geet awer meeschtens net duer a si wëllen e Psycholog opsichen. Deen Entschloss ass oft net einfach. Et huet een Angscht fir verréckt erkläert ze ginn oder et muss een zouginn, dass een ze schwaach oder ze liddereg ass fir seng eege Problemer ze bewältegen. Wien de Wee vun enger Psychotherapie mëscht, ass bereet, seng Problemer net ze verstoppen mee deen aktiven Wee fir d'Problemer ze bewältegen, anzeschloen. Bei den Problemer kann et sech em Ängschten, Zwäng, Suchtproblemer, Depressiounen oder widderhuelt massiv Schwieregkeeten (Ängschten, Streidereien, asw.) am Ëmgang mat sech selwer oder mat aneren Mënschen handelen. Geet e Mënsch bei den Psychiater, sou kritt hien meeschtens Medikamenter verschriwwen an ass dann net méi hien selwer. Den Psycholog versetzt sech duerch Gespréicher an d'Persoun eran a kann dem Patient Strategien an Technike weisen, fir dass deen seng emotional Problemer a Verhalensproblemer léise kann. An der Reegel kënnen Verhalenstherapien tëschent 5 a munchmol 80 oder ze guer 100 Sëtzungen daueren. Therapien mat 80 bis 100 Sëtzungen daueren dann 1 1/2 bis 2 1/2 Joer. D'Dauer vun enger biografesch-systemescher Verhalenstherapie ass och dovunner ofhängeg wat an der Therapie genee verschafft gëtt. Ass eng Persoun a sengem Liewen un sech zefridden a leid nëmmen ënnert enger relativ ofgegrenzten Angscht- Depressiouns- oder Zwangssymptomik, dierft sech en Therapieerfolleg an 15 bis 45 Sëtzungen erreeche loossen. D'Psychologen bekloe selwer, dass vill Patienten eng Therapie ufänken mee no kuerzer Zäit se astellen well se d'Sëtzungen, déi tëschent 80 bis 100 Euro kaschten, net selwer bezuele kënnen. A Medikamenter eleng sinn keng Léisung a kaschten dobäi och Suen.