Petitionnär/in: Yves Duprel
Méi flexibel Auerzäiten an den Maisons Relais-en
Zil vun der Petitioun
D’Zil ass datt Kanner vun den Elteren dei onregelmeisseg Auerzaiten mussen schaffen,och Moies mei frei schon an Owes mei speit kennen an der Maison Relais bleiwen, bis dén Eischten vun den Elteren ferdesch ass maad schaffen. Dass d’Elteren dei allenbeid Fréischicht hun eng Platz hun wou se ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Well een sech et hautesdaags leider net erlaaben kann dass een vun den Elteren dohem beim Kand/de Kanner bleiwen kann,muss een dann och un dei Elteren denken dei Schichten oder onregelmeisseg Auerzeiten schaffen an hinnen et och ermeiglechen schaffen ze goen andeems se eng Platz hun wou se ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1350 ass den 08-01-2020 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1350 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 04-12-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 111
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 111
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1350 z'ënnerschreiwen ass den 29-11-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 111
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1350 ka vum 18-10-2019 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1350 gouf den 17-10-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-10-2019 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-11-2019 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-10-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1350 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1350 gouf den 29-07-2019 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Méi flexibel Auerzäiten an den Maisons Relais-en
Zil vun der Petitioun: D’Zil ass datt Kanner vun den Elteren dei onregelmeisseg Auerzaiten mussen schaffen,och Moies mei frei schon an Owes mei speit kennen an der Maison Relais bleiwen, bis dén Eischten vun den Elteren ferdesch ass maad schaffen. Dass d’Elteren dei allenbeid Fréischicht hun eng Platz hun wou se d’Kanner Moies mei fréi kennen offgin.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Well een sech et hautesdaags leider net erlaaben kann dass een vun den Elteren dohem beim Kand/de Kanner bleiwen kann,muss een dann och un dei Elteren denken dei Schichten oder onregelmeisseg Auerzeiten schaffen an hinnen et och ermeiglechen schaffen ze goen andeems se eng Platz hun wou se hier Kanner kennen oofgin.Wann een moies um 6 auer muss op der Arbescht sin, as eng Maison relais dei reicht um 7 auer opgeet net virdeelhaft.