Petitionnär/in: Kevin Bück
Zousätzleche Marquage op der Autobunn, fir d'Rettungsgaass ze signaliséiren
Zil vun der Petitioun
Wann een op der Autobunn am Stau steet, respektéiren déi Mannst d'Rettungsgaass. Déi ass awer noutwännëg, fir dass d'Rettungdàngschter ( Ambulanz, SAMU, Pompjeeën, an d'Police, séier an efficace op d'Plaatz kommen. Daat rett net nëmmen Liewen, doduerch ass d'Autobunn och rem méi séier op. ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Jiddereen profitéiert dovun, wann d'Rettungsdéngschter méi séier op der Platz sin, an den Accident deementspriechend méi séier geraumt ass... Dëss Mesure kann Liëwe retten! D'Campagnen, déi vun der sécurité routière, dem ACL oder der Police lancéiert gin, si gudd, gin awer bei wäitem net ... méi
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1157 ass den 02-04-2019 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande de reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1157 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-02-2019 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 82
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 0
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 82
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1157 z'ënnerschreiwen ass den 31-01-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 82
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1157 ka vum 20-12-2018 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1157 gouf den 17-12-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-12-2018 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 31-01-2019 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-12-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1157 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1157 gouf den 26-11-2018 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Zousätzleche Marquage op der Autobunn, fir d'Rettungsgaass ze signaliséiren
Zil vun der Petitioun: Wann een op der Autobunn am Stau steet, respektéiren déi Mannst d'Rettungsgaass. Déi ass awer noutwännëg, fir dass d'Rettungdàngschter ( Ambulanz, SAMU, Pompjeeën, an d'Police, séier an efficace op d'Plaatz kommen. Daat rett net nëmmen Liewen, doduerch ass d'Autobunn och rem méi séier op. Einfach lenks an riets, jeweils 1 Meter vun der Mëttellinn ewesch, zum Beispill eng gestrëschelt Linn. Dat hëlleft, dass Jiddereen,zu all Moment dorun erënnert gett.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Jiddereen profitéiert dovun, wann d'Rettungsdéngschter méi séier op der Platz sin, an den Accident deementspriechend méi séier geraumt ass...
Dëss Mesure kann Liëwe retten! D'Campagnen, déi vun der sécurité routière, dem ACL oder der Police lancéiert gin, si gudd, gin awer bei wäitem net duer!