Ëffentlech n°927
Petitionnär/in: Mathieu Putz
Méi ambitiéis Klimazieler
Zil vun der Petitioun
Lëtzebuerg soll a Saache Reduktioun vun Zäregasemissiounen eng Virreiderroll iwwerhuelen an zu engem vun den ambitiéisten Länner weltwäit a puncto Klimapolitik ginn. Et soll ee méiglechst déiwen, bis 2030 ze erreeschenden, Maximalseuil definéiert ginn, gemooss an CO2-Equivalent pro Joer op de ... méi
Motivatioun vun der Petitioun
Schonns elo entstinn duerch d’Klimaerwiermung irreversibel Schied fir d’Natur a fir de Mënsch. D’Naturkatastrophen heefe sech an zerstéiere net nëmmen d’Zukunftsperspektiven an d’Doheemer vu ville vun deenen äermste Leit op der Welt, ma kaschten och scho Mënscheliewen. D’Konsequenze vum ... méi