Ëffentlech n°2483
Petitionnär/in: Charel Dormans
Zousätzlechen Congésdag/schoulfräi op dem eegene Gebuertsdag!
Zil vun der Petitioun
Um Dag vum eegene Gebuertsdag d'Méiglechkeet kënnen hunn, offiziell schoulfräi, respektiv en zousätzleche unerkannte Congésdag gülteg fir de Gebuertsdag ze kréien.
Motivatioun vun der Petitioun
Aus gesellschaftlecher Siicht kann ee mat engem fräien Dag um eegene Gebuertsdag d'Wäertschätzung un de Mënsch als Individuum an un d'Liewen ausdrécken. An aus subjektiver Siicht, kann een den eegene Gebuertsdag esou verbrénge wéi e wëll!