Ëffentlech n°2382
Petitionnär/in: Sacha André
Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz
Zil vun der Petitioun
Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn.
En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem ... méi
Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn.
En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem Beräich eng wäertvoll Aarbecht leeschte géif hëllefen, dass d'Gesetz esou wéi et virgesinn ass kann.
gräifeZum engem Plang gehéiert et och ze kucken, wéi een adequat an allen Regioune vum Land kann. Et fällt op, dass et am Norden, Osten a Weste vum Land keng Infrastrukture gëtt . Déierenasiler konzentréieren sech op de Minett an hannert der Staat gëtt et keng méi. ... manner
Motivatioun vun der Petitioun
Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt. ... méi
Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt.
Déiereschutzorganisatiounen huelen sech oft der Saach un, dëst ass mat villen Onkäschte verbonnen. Verschidde Gemengen ënnerstëtzen hier Awunner oder Associatiounen a deem Kontext mat enger finanzieller Hëllef, mee leider ass dat net iwwerall de Fall. Um nationale Plang e Projet ze entwéckelen, dee vun allen Gemengen ëmgesat misst ginn, ass do e wichtegen Usaz.
Fir d'Problemer konkret an aktiv ze léisen ass en nationale Plang néideg, wou Bierger sensibiliséiert an opgekläert ginn an se och wann néideg Ënnerstëtzung kréien.
An deem Kontext ass et och wichteg ze kucken, wéi eng Ressourcen oder Infrastrukturen an all Regioun vum Land gebraucht ginn, fir konkret an zilorientéiert agéieren ze kennen. ... manner