Petitioner: Julien Groebig
D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn.
Purpose of the petition
Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik –Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren. Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'„Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale“. Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a –methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of. Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt) Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt. Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/–methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen. Beispill: - Keng effectiv Waassergewinnung: Senso –motoresch Entwéckelung - Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun - Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz - deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun. - Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen. Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert. D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet. D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.
The steps of this petition
Validated electronic signatures: 1168
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°454, on 15-12-02014 - Number of signatures after validation: 1168
The period for signing the public petition n°. 454 is closed on 10-12-2014 - Number of electronic signatures before validation: 1169
The public petition n°454 is open for signature, on 28-10-2014
The public petition n°454 is declared admissible by the Conference of Presidents on 27-10-2014
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 28-10-2014 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 09-12-2014 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 454, on 24-10-2014
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°454 is submitted the 14-10-2014
Title of the petition: D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum „Instructeur de natation" ënnerriicht ginn.
Aim of the petition: Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik –Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren.
Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'„Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale“.
Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a –methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of.
Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt)
Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt.
Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/–methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen.
Beispill:
- Keng effectiv Waassergewinnung: Senso –motoresch Entwéckelung
- Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun
- Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz
- deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun.
- Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen.
Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert.
D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet.
D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.