Fir d'Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval (VOIR VERSION ETENDUE) - Petitions
Fir d'Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval (VOIR VERSION ETENDUE)
Public petition n°989
Petitioner: Amicale des hauts-fourneaux A & B de ProfilARBED Belval
Purpose of the petition
D'Amicale des hauts-fourneaux ""A"" et ""B"" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d''ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d'Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn. Mat der Petitioun wëllen d'Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn.
Reason for the petition
Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D''Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d''Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d''Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d''Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D''Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten ""Centre National de la Culture Industrielle"" ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung ""All we need "" déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: ""L'ame\u0301nagement du site des Rotondes sera acheve\u0301 et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisie\u0300res de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relance\u0301s."" Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am ""Bidbook"" vun Esch 2022 ka noliesen: "".../...Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us.../... We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made."" Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d''Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher Populatioun endlech nees un déi zeréckfält, deenen e gehéiert. An dat ass d'Allgemengheet !
Collection of registered signatures
After analysing all the registered signatures, 1076 were valid.
Verified signatures
1 076 / 4 500
Key information
Reclassification as an ordinary petition
Submission date
26/03/2018
Opening of the signature collection
24/04/2018
Additional information
Petition background
Petition signatories
31/07/2018
Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°989, on 31-07-2018
02/07/2018
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
21/06/2018
Validated electronic signatures: 1076
21/06/2018
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°989, on 21-06-02018 - Number of signatures after validation: 1076
06/06/2018
The period for signing the public petition n°. 989 is closed on 06-06-2018 - Number of electronic signatures before validation: 1078
24/04/2018
The public petition n°989 is open for signature, on 24-04-2018
23/04/2018
Statement of admissibility
19/04/2018
The public petition n°989 was declared admissible by the Committee on Petitions on 19-04-2018
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 24-04-2018 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 05-06-2018 at 11:59 p.m.
16/04/2018
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 989, on 16-04-2018
Opinion of the Committee on Petitions: positive
27/03/2018
The petition public n°989 is submitted the 27-03-2018
Title of the petition: Fir d'Erhale vun der Gebléishal vun der fréierer ARBED Belval (VOIR VERSION ETENDUE) Aim of the petition: D'Amicale des hauts-fourneaux "A" et "B" fuerdert schonns zanter méi wéi 10 Joer dass d''ebléis- an Dynamogebaier (bekannt als Gebléishal) vun der Belvaler Schmelz erhale ginn. Mär wëllen duerch eng gréisstméiglech Sammlung vun Ënnerschrëften aus der Bevëlkerung d'Erhaale vun der Integralitéit vun deene Gebaier an deene nach bestoenden Anlagendeeler erreechen. D'Ofrappen muss à tout prix verhënnert ginn. Mat der Petitioun wëllen d'Petitionnairen erreechen dass d'Diskussioun och an der Ëffentlechkeet gefouert gëtt an dass d'Regierung déi Gebaier ënner Denkmalschutz stellt an hinnen d'Méiglechkeet gëtt neie Bestëmmungen zougefouert ze ginn. Motivation of the general interest of the petition: Fir déi grouss Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Belval) mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt ëm 1910/1911 op Belval eng grouss Gebléishal vun 160 Meter Längt, 72 Meter Breet an 28 Meter Héicht gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufankszäit vun der Belvaler Schmelz. Den industriehistorëschen Wäert vun den Halen, hier Gréisst, hier Lag an der Industrielandschaft hei am Süden musse fir d'Nowelt erhale bleiwen an däerfe net urbanistesche Fehlplanungen zum Affer falen! D'Amicale des haut-fourneaux huet d'Méiglechkeeten vun enger sënnvoller Notzung vun deenen Halen déi och der Allgemengheet géingen déngen ënnerstrach. D'Schafen a Gestalte vu Bürosraum, d'Organisatioun vu groussen Ausstellungen, d'Amenagéieren vun Ofstellraim fir d'Uni, d'Zesummendroen an Opstellen vu groussen Archiven, Versammlungsraim, géingen deen allgeméngnëtzlëche Charakter vun deenen Halen ënnersträichen. D'Iddee vun deem geplangten a ni realiséierten "Centre National de la Culture Industrielle" ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Als Beispill vun Notzung déi scho stattfonnt huet kann een déi grouss Ausstellung "All we need " déi zum Thema Nohaltegkeet an der Gebléishal organiséiert gouf an zu engem absoluten Highlight vun der Kulturhaaptstad 2007 gouf. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'ame\u0301nagement du site des Rotondes sera acheve\u0301 et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisie\u0300res de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relance\u0301s." Déi Responsabel vun der nächster Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, Esch 2022, hunn de Projet Gebléishal relancéiert net nëmme fir do zentral Ausstellungen z'organiséieren, mä fir d'Raimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen. Wéi een am "Bidbook" vun Esch 2022 ka noliesen: ".../...Its location, but also its structure and its size, make the Halle des Soufflantes a central venue for us.../... We have worked out a sustainable strategy for the hall and we have a feasibility study, however, the decision about restoring the building has yet to be made." Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken fir en nohaltegt Konzept fir d'Notzung vun der Gebléishal och no 2022 auszeschaffen.Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher P