The public petition n°766 is closed on 01-06-2017
Reason for closure: Pas de poursuite de l'instruction
Petitioner: Philippe LEMAIRE
Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.
Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den ... more
Reason for closure: Pas de poursuite de l'instruction
New end date of the signature period: 21-03-2017
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 06-02-2017 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 20-03-2017 at 11:59 p.m.
Opinion of the Committee on Petitions: positive
Title of the petition: Entlaaschtung vun der Verkéiersinfrastruktur duerch Förderung vum Télétravail / Améliorer l'état du trafic routier par la promotion du télétravail
Aim of the petition: Des Petitioun fuerdert de Staat dozou op, ëffentlech a privat Arbeitgeber duerch verschidden Ureizer dozou ze bréngen, Aarbechtskräften, déi haaptsächlech um Computer an/oder um Telefon schaffen, zum Deel vun doheem aus schaffen ze loossen.
Motivation of the general interest of the petition: Wann zum Beispill en Deel vum den Employéen a Fonctionnaire just nach 3 vu 5 Deeg op de Büro kommen misst wär vill manner Trafic op de Stroossen a manner Accidenter. Et géif och ökologesch gesinn e groussen Ënnerscheed maachen, d’C02 Bilanz vu Lëtzebuerg wier besser. D'Präisser vun den Immobilie géifen och zu engem gesonde Moos erofgoen well d'Frontaliere manner oft op Lëtzebuerg komme missten. Doduerch kéinte jonk Leit sech erëm éischter eng Wunneng zu Lëtzebuerg leeschten a manner staatlech Ënnerstëtzung fir bezuelbare Wunnraum wier néideg. Ausserdeem erlaabt Télétravail Lëtzebuerg e staarke Wuesstem well Leit, déi vun doheem aus schaffen, keng physesch Plaz zu Lëtzebuerg brauchen. D'Ureizer vum Staat kéinte finanziell Entlaaschtungen vu Firme sinn déi Télétravail fërderen, Formatiounen an dem Beräich oder Stéierentlaschtungen. De Staat sollt allerdéngs just den Télétravail fërderen wou Employéen a Fonctionnairen nach op d'mannst d'Halschent vun der Zäit um Büro si missten well ansonsten riskéiert een en héige Chômage zu Lëtzebuerg well zum Beispill Lëtzebuerger Aarbechtskräften duerch indesch Aarbechtskräften ersat gi kéinten.