The petition public n°605 is submitted the 08-05-2017
Title of the petition: STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg
Aim of the petition: De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn.
Motivation of the general interest of the petition: Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d’Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all „opgeklärt“ sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer „facts“ zur Pelzproduktioun: D’Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d’Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d’Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.