Public n°575

Petitioner: Viviane Hansen-Adams

Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d'impôts 2 dans la classe d'impôts 1A

Purpose of the petition

Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz. oder als Alternative : Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte ... more

Reasons for the petition

LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg ... more

ended  11.12.2015
8540 /4.500
100%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
19.04.2018

Closing statement

16.04.2018

The public petition n°575 is closed on 16-04-2018

Reason for closure: Suite au bilan de la Commission

14.04.2016

Transmission de procès-verbaux

19.02.2016

A position statement regarding the public petition n°575 is available on 19-02-2016

Parliamentary committees: Commission des Finances et du Budget

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
02.02.2016

A public debate in committee took place on 02-02-2016 about the public petition n°575

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
14.01.2016

Invitation to the public debate

18.12.2015

Validated paper signatures: 5151

18.12.2015

Validated electronic signatures: 3389

18.12.2015

The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°575, on 18-12-2015

12.12.2015

The period for signing the public petition n°. 575 is closed on 12-12-2015 - Number of electronic signatures before validation: 3625

02.11.2015

Statement of admissibility

30.10.2015

The public petition n°575 is open for signature, on 30-10-2015

29.10.2015

The public petition n°575 is declared admissible by the Conference of Presidents on 29-10-2015

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 30-10-2015 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 11-12-2015 at 11:59 p.m.

28.10.2015

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 575, on 28-10-2015

Opinion of the Committee on Petitions: positive

26.10.2015

The petition public n°575 is submitted the 26-10-2015

Title of the petition: Géint d’Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A

Contre le reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôts 1A

 

 

Aim of the petition: Ofschafung vum Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1A an Ännerung vum jeeweilege Gesetz.

oder als Alternative :

Schafung vun enger neier Steierklass oder extra Abattement’en fir Wittfraen a Wittmänner. D’Besteierung soll dem viirechte Liewensstandard ugepasst sin.

 

Abolition du reclassement des veuves/veufs de la classe d’impôts 2 dans la classe d’impôt 1A et modification de la loi respective.

ou alternativement

Création d’une nouvelle classe d’impôts ou abattements extraordinaires pour veufs / veuves. L’imposition devrait tenir compte du niveau de vie antérieur.

 

Motivation of the general interest of the petition: LE TEXTE FRANCAIS DE LA MOTIVATION PEUT ETRE CONSULTE DANS LE DOCUMENT PDF PUBLIE SUR LE SITE

 

Mir hu momentan ongeféier 30.000 Wittfraen a Wittmänner hei zu Lëtzebuerg. Dës Zuel representéiert 5% vun der Populatioun vum Grand-Duché. Wann é bedenkt datt 19.32% vun den Awunner vu Lëtzebuerg iwwer 60 Joer aalsin (54% Fraen a 46% Männer - Statistiken vum 01.01.2015) an datt plus minus d’Hallschent dovunner bestuet ass, da kann én sech jo virstellen datt d’Zuel vun de Wittfraen a Wittmänner an déne nächste Joeren däitlech wäert an d’Luucht goen.

Laut dem aktuelle Lëtzebuerger Gesetz, huet den hannerbliwwene Steierzueler d’Recht op Steierklass 2 daat Joer wou de Liewenspartner gestuerwen ass a nach 3 Joer duerno. No dëser Iwwergangsperiod gët hien dann an d’Steierklass 1A reklasséiert waat fir eng Persoun aus dem Mëttelstand heescht datt si +/- 300 Euro pro Mount méi Steieren bezuelen muss.

Dës Erhéijung, vun där de Staat natierlech profitéiert, huet awer ganz schlëmm Auswierkungen op déi déi hire Liewenspartner verluer hun.

Studien weisen datt Wittfraen a Wittmänner vill éischter ënnert d’Aarmutsgrenz falen wéi de Rescht vun der Populatioun. Et brauch é jo nët ze erwähnen a wéi engem Mooss dësen Zoustand hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet beaflosst a bedenkt och datt hiert Gemidd schonn duerch de Verloscht vum Liewenspartner scho béis ugeschloen ass.

Nom Doud ännert sech alles am Liewen vum Hannerbliwwenen. D’Deeg si gefëllt vun Trauer a vu Péng, a fir déi, déi Dag a Nuecht, hiren doudkranke Liewenspartner versuergt hun, kënnt och nach d’Erschöpfung dobäi. D’Liewen huet säin Inhalt verluer an déi deeglech Aarbechten heefen sech well den Iwwerliewenden sech ëm alles eleng këmmere muss. Oft muss hien aus dem Haus plënneren well ët ze deier gët oder well hien eleng d’Aarbecht nët méi packt. Alles wat him da bleift ass déi kleng “pension de survie” fir déi de Liewenspartner säi Liewe laang geschafft huet, mais souguer déi kréien verschiddener vum Staat refuséiert.

Dëst ongerecht Reklassement geet ons all eppes un well Wittfra oder Wittmann gin ass kee Choix.

Haaptsächlech déi eeler Leit hun d’Kraaft nët méi sech géint dës ongerecht Erhéijung vun de Steieren ze wieren. Déi Hannerbliwwen soll é mat Respekt behandelen. Am Sënn vun der Solidaritéit soll ët engem Staat seng Aufgab sindéi Leit an der Steierklass 2 ze loossen oder eng nei Steierklass oder extra Abattement’en fir d’ Wittfraen a Wittmänner anzeféieren déi dem virrechte Liewensstandard Rechnung droen.

Kommt mir hëllefen dëser Generatioun, enger Generatioun déi e groussen Deel vun hirem Liewen fir de Wuelstand vun der aktueller Generatioun geschafft huet.

 

26.10.2015

Filing