Public n°507

Petitioner: Marco François Thomé

Eis Kanner sinn zu allem fäheg. Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

Purpose of the petition

Fir d’Sécherheet vun eise Kanner! D’praktesch an d’theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg. An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien. Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner ... more

ended  20.07.2015
7040 /4.500
100%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
19.12.2017

Lettre au Président de l'ALIN avec transmission au Président de la FGFC

14.11.2017

Lettre ouverte de la FGFC-ALIN

05.07.2016

A position statement regarding the public petition n°507 is available on 05-07-2016

Petitioner: FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal

08.12.2015

Transmission de procès-verbaux de commissions au Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ainsi qu'aux pétitionnaires

16.11.2015

An exchange of views took place on 16-11-2015 on the petition public n°507

Work in committee: Conclusions de la Commission suite au débat public du 28 octobre 2015

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
28.10.2015

A public debate in committee took place on 28-10-2015 about the public petition n°507

Minutes of the meeting Minutes of the meeting
27.10.2015

7040 signatures validées

22.09.2015

Invitation to the public debate

29.07.2015

Validated electronic signatures: 1762

29.07.2015

Validated paper signatures: 5278

Number of paper signature(s): 5,278

28.07.2015

The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°507, on 28-07-2015

21.07.2015

The period for signing the public petition n°. 507 is closed on 21-07-2015 - Number of electronic signatures before validation: 1764

08.06.2015

The public petition n°507 is open for signature, on 08-06-2015

04.06.2015

The public petition n°507 is declared admissible by the Conference of Presidents on 04-06-2015

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 08-06-2015 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 20-07-2015 at 11:59 p.m.

03.06.2015

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 507, on 03-06-2015

Opinion of the Committee on Petitions: positive

22.05.2015

The petition public n°507 is submitted the 22-05-2015

Title of the petition: Eis Kanner sinn zu allem fäheg.

Fir e richtegt a professionellt Schwammeléieren an der Grondschoul!

 

Aim of the petition: Fir d’Sécherheet vun eise Kanner!

 

D’praktesch an d’theoretesch Erléiere vum Schwammen an der Grondschoul ass liewenswichteg.

 

An der Grondschoul bestinn ideal Konditioune fir Spaass a Freed um Waasser ze kréien.

 

Vill Eltere kennen sech keng privat Schwammcourse fir hir Kanner leeschten. Dofir ass d'ëffentlech Schoul an der Obligatioun, eise Kanner richteg an op professionell Aart a Weis d’Schwamme bäizebréngen.

 

Richteg a professionell Schwamme léieren heescht:

• d’Waasser gären hunn an sech ouni Angscht heiranner beweegen ze kennen;

• op mannst dräi Schwammstyler beherrschen (brasse, crawl, dos crawlé, plongée et saut)

• richteg Schwammtechnike beherrschen (Positioun vum Kierper, Kompressiouns- an Decompressiounsphasen)

• encadréiert duerch professionellt, diploméiert ausgebildend Personal mat permanenter Weiderbildung

 

Ass dat aktuell garantéiert an der Grondschoul? Nee !

 

Säit der Reform vun der Grondschoul am Joer 2009 ginn ëmmer méi Schwammmeeschtere vun den eigentleche Schwammcourse matt de Kanner entbonnen. A Plaz kennt eng Léisung wou Schoulmeeschteren oder Chargés de cours nëmmen eng minimal Rettungsausbildung hunn.

Säit der Reform hëlt d’Qualitéit vum Schwammunterrecht innerhalb vun der Schoul ëmmer weider of.

 

Dëst däerf net esou weidergoen!

 

Dofir fuerdere mir en ëffentlechen Debat iwwert d’Zukunft an d’Qualitéit vum Schoulschwammen hei am Land. D’Regierung däerf sech hei net aus der Verantwortung stielen, andeems si esou mëscht wéi wann alles an der Rei wier an hir Verantwortung un d‘Gemengenautoritéiten ofwälzt.

 

Déi aktuell Entwécklung féiert iwwert kuerz oder laang dozou, datt d’Kanner ëmmer manner schwamme léieren, wat liewensgeféierlech ka sinn. Dëst beaflosst net nëmmen hir eege Sécherheet an déi vun hire Matmënschen, mee och hir Liewensqualitéit an déi vun der ganzer Famill.

 

Fir Schwammcourse matt didaktesch a methodescher Professionalitéit, zum Wuel vun eise Kanner!

 

Géint onprofessionell Kompetenzen, déi e funktionéirende System beim Schoulschwamme mëttelfristeg ofschafen.

 

21.05.2015

Filing