Public n°2840

Petitioner: Vicky Wishof

Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

Purpose of the petition

Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser ... more

Reasons for the petition

Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze ... more

ended  05.09.2023
833 /4.500
19%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
13.12.2023

Closing statement

06.12.2023

The public petition n°2840 is closed on 06-12-2023

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.10.2023

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

11.10.2023

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2840, on 11-10-02023 - Number of signatures after validation: 833

11.10.2023

Validated electronic signatures: 833

06.09.2023

The period for signing the public petition n°. 2840 is closed on 06-09-2023 - Number of electronic signatures before validation: 833

26.07.2023

The public petition n°2840 is open for signature, on 26-07-2023

25.07.2023

Statement of admissibility

25.07.2023

The public petition n°2840 is declared admissible by the Conference of Presidents on 25-07-2023

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 26-07-2023 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 05-09-2023 at 11:59 p.m.

24.07.2023

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2840, on 24-07-2023

Opinion of the Committee on Petitions: positive

17.07.2023

The petition public n°2840 is submitted the 17-07-2023

Title of the petition: Fir d'Entlaaschtung vu medizineschem Personal, a Schafe vun neie Servicer dass Famillje mat beanträchtegte Kanner déi néideg Ënnerstëtzung fannen.

Aim of the petition: Medizinescht Personal, souwéi Professioneller aus entspriechende Servicer mussen dréngend méi Ënnerstëtzung hu fir qualitativ Aarbecht bei Famillje mat beanträchtegte Kanner ze leeschten. Den Diagnostikprozess wier wichteg zäitlech beschleunegt ze ginn, dofir muss als éischt eng besser Zesummenaarbecht tëscht alle Bedeelegten am Land an iwwert d'Grenz eraus sinn. Eltere brauche méi Entlaaschtung bei chronesch / irreversibel erkrankte Kanner. Beanträchtegt Kanner ënnert engem Joer ginn dacks net als méi hëllefsbedürfteg wéi aner Puppelcher ugesinn, mat dem Argument se wiere souwisou op een ugewisen - och wann d'Famill Aarbecht a Fréifuerderung duerch extern Servicer zäitlech / finanziell net matenee kooridnéiert kritt. Wann de Krankheetsausléiser dobäi net fonnt ka ginn, gëtt och d'Behënnerung gär net als eng wouergeholl. Grad dës Kanner brauchen awer vill Fréifuerderung fir Réckstand opzehuelen, a keng Etikett. D'Famill brauch déi néideg Ressource fir dëst mam Beruff ze koordinéieren.

Motivation of the general interest of the petition: Pédiateren, Spideeler a Servicer sinn iwwerlaascht. Famillje musse sech selwer orientéieren a sinn iwwerfuerdert. De ganze System, awer virun allem d'Kanner, leiden ënnert dësen Ëmstänn. De Besoin fir Fréifuerderung gëtt bei Familljen opgrond vu mangelhafter Dokter-Eltere Relatioun dacks ze spéit erkannt, den Ausléiser vill ze spéit oder guer net gesicht. Famillje gi mat hirem Dossier an d'Ausland, wat mat enormem Opwand verbonnen ass, deelweis guer net méiglech ass. Mam berufflechen Alldag zesummen ass dat alles quasi net ze stemmen. D'Spidol an och d'Famillje brauchen dréngend déi néideg Ënnerstëtzung - sierf et just wärend dem Diagnostikprozess, oder je no Besoin vun der Famill, och iwwert den Diagnostikprozess eraus. Och Kanner ënnert engem Joer souwéi individuell Familljekonstellatioune sollen hei berücksichtegt ginn. D'Bevölkerung wiisst, an de Probleem dierf a kann net länger ignoréiert ginn.