Petitioner: Sacha André
Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg
Purpose of the petition
De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an ... more
Reasons for the petition
Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, ... more
The steps of this petition
The public petition n°2176 is closed on 18-05-2022
Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2176, on 30-03-02022 - Number of signatures after validation: 509
Validated electronic signatures: 509
The period for signing the public petition n°. 2176 is closed on 04-03-2022 - Number of electronic signatures before validation: 509
Statement of admissibility
The public petition n°2176 is open for signature, on 21-01-2022
The public petition n°2176 is declared admissible by the Conference of Presidents on 19-01-2022
Admissibility: admissible
Start date of the signature period: 21-01-2022 at 0:00 a.m.
End date of the signature period: 03-03-2022 at 11:59 p.m.
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2176, on 19-01-2022
Opinion of the Committee on Petitions: positive
The petition public n°2176 is submitted the 05-01-2022
Title of the petition: Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg
Aim of the petition: De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn.
Motivation of the general interest of the petition: Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen.
Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass.
Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt.
En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.