Ordinary n°2126

Petitioner: Romain Walch

Gesondheets Lëtzebuerger am Ausland

Purpose of the petition

Bonjour, Als Pensioneierte Camper sinn ech vun Enn September bis Juni a Spuenien a registreieren mech doweinst bei der MAE (Letzebuerger am Ausland). D 'Virgeschicht: D'lescht Joer wou ech am Juni 2020 mäin COVID-19 Impf-Code krut, war ech a Spuenien a sinn dat Joer och do bliwwen! Ob ... more

Share petition

The steps of this petition

Icon process
23.05.2022

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
18.05.2022

The ordinary petition n°2126 is closed on 18-05-2022

Reason for closure: Prise de position gouvernementale restée sans suite

11.03.2022

Transmission of the government's position paper to the petitioner

Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaire
31.01.2022

A position statement regarding the ordinary petition n°2126 is available on 31-01-2022

Minister(s) : Madame Paulette Lenert, Ministre de la Santé

Prise de position gouvernementale Prise de position gouvernementale
13.12.2021

A position statement is requested on the ordinary petition n°2126, on 13-12-2021

Minister(s) : Madame Paulette Lenert, Ministre de la Santé

Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire
08.12.2021

The ordinary petition n°2126 is declared admissible by the Committee on Petitions, on 08-12-2021

Admissibility: admissible

27.11.2021

The petition ordinary n°2126 is submitted the 27-11-2021

Title of the petition: Gesondheets Lëtzebuerger am Ausland

Aim of the petition: Bonjour,

 

Als Pensioneierte Camper sinn ech vun Enn September bis Juni a Spuenien a registreieren mech doweinst bei der MAE (Letzebuerger am Ausland).

 

D 'Virgeschicht:

D'lescht Joer wou ech am Juni 2020 mäin COVID-19 Impf-Code krut, war ech a Spuenien a sinn dat Joer och do bliwwen! Ob Nofro beim Covid-Helpdesk wei ech a Spuenien u meng Impfung komme kann, huet et geheescht dass et do keng aner Meiglechkeet gett wei mech ze melle wann ech am Juli 2021 erem zu Letzebuerg wär !

 

Ech hu mech dunn mäi Gleck bei der MAE probeiert a krut dunn vun der Ambassade vu Madrid gesot ech misst mech un Gemeng Elx wenden. Dass ech net genuch spuenesch kann fir dat ze maachen sot ech der Persoun vun der Ambassade, ma di konnt mer do och net weider beliefen. De Fin Mot bei war dann dass ech schlussendlech meng Impfung e Joer mei speit am Impfbus zu Iechtemach krut- esouvill zur Pandemie Organisatioun aus menger Siicht!

 

Fir di hei betraffen Booster-Impfung a Spuenien:

Et muss een Titulaire vun enger SIP (Securite social espagnole) ginn! Dofir kritt een (vum Camping) eng Attestatioun de Sejour an domat geet een an de Centre de Sante an dei nächsten Stad a freet fir eng SIP ( esouwäit ass dat machbar mat Relief vun Google Translate). Da muss een Rendez-vous bei engem spueneschen Dokter huelen oder iwwer eng spuenesch App fueren www.san.gva.es/cita previa/citaprevia general val.html (och machbar, do belieft de Camping/Hotel oder alt erem Google). Da muss ee mat engem Dolmetscher oder enger Persoun di ob spuenesch iwwersetzt ob de Rendezvous goen well den Dokter (ob dat och machbar mat Hellef vun Google ass ongewess). Da gett een ob eng Lescht gesat, dofir muss een allerdengs eng spuenesch Telefons Nummer uginn ob di een speider seng Convocatioun iwwer SMS kritt - eng Auslännesch Nummer gett net ugeholl. An hei si mer dann um Punkt wou ech kapituleieren. Eng Prepayee hätt ech fonnt alierdengs mat Joers Abo em 20 € de Mount (plus en neie GSM).

 

Mäin Uleies:

Eng Persoun di sech net impfe loosse well, kann sech och net beschweieren. Ass eng Persoun di sech impfe loosse well, an dat awer net ermeiglecht kritt well en am falsche Moment ob der falscher Platz ass, net och berechtegt ob gläicht Recht ?

 

Mäi Virschlag (kennt vun engem Beispill wei et an Eisträich ass) wär folgend.

E meisproochegen Dokter deen d'Gesondheets-System an d'Sproch vun, an desem Fall Spuenien beherrscht. Heibäi wär et onwichteg ob deen Dokter zu Letzebuerg oder soss wou ass. Wichteg wär dass deen Dokter sech iwwer Telefon oder Email em dat Administratift bekemmere geif. Domat steing de betraffene Bierger net mei vrun d'Sproch oder Administrative Barriere stoen.

 

Esou eng Leisung wär och ausserhalb enger Pandemie eng grouss Hellef fir all Letzebuerger am Ausland, an där ginn et der jo mei wei genuch a Spuenien !

 

D'MAE weess wien sech fir wann/wou am Ausland registreiert huet an esou eng Registratioun keint esouwuel dem Bierger wei der Sante notzen, fir un Allem am Fall vun enger Pandemie.