Petitionnär/in: Ronald Kwiatkowski
Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht
Zil vun der Petitioun
Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.
Motivatioun vun der Petitioun
Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 63
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 731 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-01-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 63
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 731 z'ënnerschreiwen ass den 28-12-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 63
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 731 ka vum 15-11-2016 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 731 gouf den 10-11-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-11-2016 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-12-2016 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 10-11-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 731 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 731 gouf den 25-10-2016 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht
Zil vun der Petitioun: Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef.
Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen.
Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet.
Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen.
Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.