Ëffentlech n°363

Petitionnär/in: ALPHONSE JAERLING

Opfuerderung un d'Lëtzebuerger Regierung, fir alles an d'Weeër ze leeden, fir d'Unerkennung vun der lëtzebuerger Sprooch an Europa an hir Aschreiwung an d'Lëscht vun den europäesch unerkannten Sproochen.

Zil vun der Petitioun

Lëtzebuerg ass en Matgrënnerland vun der Europäescher Unioun, an huet eng eegen Sprooch. Leider ass d'lëtzebuerger Sprooch nët an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen, obwuel all aner Sproochen vun den EU-Staaten an esouguer vu Regiounen an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen sinn. Eng Sprooch ass en integralt Stéck Identitéit an der Onofhängekeet vun engem Land a gehéiert doofir unerkannt, soss gesäit et aus, wéi wann daat Land keng eegen Sprooch hätt. Et geet bei dëser Petitioun nët drëm, fir dass all EU-Texter op lëtzebuergesch iwwersaat ginn, obwuel dass esou eng Fuerderung och legitim wir, well daat och fir all aner EU-Staat de Fall ass, et geet just drëm, dass d'lëtzebuerger Regierung sech endlech doofir asetzt, dass d^lëtzebuerger Sprooch soll europäesch unerkannt ginn, daat ass eng Saach vun nationalem Interessen. Et geet bei dëser Petitioun och nët drëm fir eisen System vun der Dreisproochegkeet a Fro ze stellen, mä eenzeg an eleng em d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  21.06.2014
687 /4.500
15%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
14.07.2014

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 687

14.07.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 363 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 687

Reklassement: ze reklasséieren

23.06.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 363 z'ënnerschreiwen ass den 23-06-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 687

16.05.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 363 z'ënnerschreiwen ass den 16-05-2014 bis den 21-06-2014 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-06-2014

12.05.2014

Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle

09.05.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 363 ka vum 09-05-2014 un ënnerschriwwe ginn

08.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 363 gouf den 08-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-05-2014 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-06-2014 um 23h59

07.05.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 363 ass positiv

07.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 363 gouf den 07-05-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Opfuerderung un d'Lëtzebuerger Regierung, fir alles an d'Weeër ze leeden, fir d'Unerkennung vun der lëtzebuerger Sprooch an Europa an hir Aschreiwung an d'Lëscht vun den europäesch unerkannten Sproochen.

Zil vun der Petitioun: Lëtzebuerg ass en Matgrënnerland vun der Europäescher Unioun, an huet eng eegen Sprooch.

Leider ass d'lëtzebuerger Sprooch nët an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen, obwuel all aner Sproochen vun den EU-Staaten an esouguer vu Regiounen an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen sinn.

Eng Sprooch ass en integralt Stéck Identitéit an der Onofhängekeet vun engem Land a gehéiert doofir unerkannt, soss gesäit et aus, wéi wann daat Land keng eegen Sprooch hätt.

Et geet bei dëser Petitioun nët drëm, fir dass all EU-Texter op lëtzebuergesch iwwersaat ginn, obwuel dass esou eng Fuerderung och legitim wir, well daat och fir all aner EU-Staat de Fall ass, et geet just drëm, dass d'lëtzebuerger Regierung sech endlech doofir asetzt, dass d^lëtzebuerger Sprooch soll europäesch unerkannt ginn, daat ass eng Saach vun nationalem Interessen.

Et geet bei dëser Petitioun och nët drëm fir eisen System vun der Dreisproochegkeet a Fro ze stellen, mä eenzeg an eleng em d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch.