Petitionnär/in: ALPHONSE JAERLING
Gratuitéit vum sekondären Unterrecht, technesch an klassesch, am Artikel 23 vun der Verfaassung verankeren.
Zil vun der Petitioun
Den Artikel 23 vun der lëtzebuerger Verfaassung garantéiert Gratuitéit vun der Primärschoul sou wéi den fräien Zougang zum Primärunterrecht. Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, och d'Gratuitéit fir den Secondär Unterrecht, technesch an klassesch, verfaassungsrechtlech am Artikel 23 vun der Verfaassung ze garantéieren. Den Arbechtsmoart verlangt ëmmer méi Qualifikatioun vun den Salarieeën an och d'Regierung fuerdert d'Bierger, besonnesch déiJonkop, sëch en Maximumun un Qualifikatioun unzeeegenen. Den techneschen an den klasseschen Unterrecht am Sekondär, ass awer nët gratis, sou wéi daat beim Primär de Fall ass. Obwuel dass et Moossnahmen gett, fir manner bemëttelt Familjen déi hir Kanner an den Sekondär schécken, ënner 'Ärmze greifen, sinn d'Chargen, besonnesch fir Familjen ma méi Kanner, nach vill ze héich. Wa mer gären hätten, dass all Kand soll d'Chance hunn fir sech am Sekondär weider ze bilden, da muss deen esou organiséiert ginn, dass d'Familjen keng zousätzlech Chargen hunn. Et kann nët sinn, dass vun den Jonken ëmmer méi Qualifikatioun verlangt gëtt, den Wee dohinner awer duerch finanziell Contrainten verbaut gett.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 365 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 14
Reklassement: ze reklasséieren
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 365 z'ënnerschreiwen ass den 12-07-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 14
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 365 ka vum 30-05-2014 un ënnerschriwwe ginn
Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
D'ëffentlech Petitioun Nr. 365 gouf den 28-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-05-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-07-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 365 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 365 gouf den 08-05-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Gratuitéit vum sekondären Unterrecht, technesch an klassesch, am Artikel 23 vun der Verfaassung verankeren.
Zil vun der Petitioun: Den Artikel 23 vun der lëtzebuerger Verfaassung garantéiert Gratuitéit vun der Primärschoul sou wéi den fräien Zougang zum Primärunterrecht.
Dës Petitioun fuerdert d'Chamber op, och d'Gratuitéit fir den Secondär Unterrecht, technesch an klassesch, verfaassungsrechtlech am Artikel 23 vun der Verfaassung ze garantéieren.
Den Arbechtsmoart verlangt ëmmer méi Qualifikatioun vun den Salarieeën an och d'Regierung fuerdert d'Bierger, besonnesch déiJonkop, sëch en Maximumun un Qualifikatioun unzeeegenen. Den techneschen an den klasseschen Unterrecht am Sekondär, ass awer nët gratis, sou wéi daat beim Primär de Fall ass.
Obwuel dass et Moossnahmen gett, fir manner bemëttelt Familjen déi hir Kanner an den Sekondär schécken, ënner 'Ärmze greifen, sinn d'Chargen, besonnesch fir Familjen ma méi Kanner, nach vill ze héich. Wa mer gären hätten, dass all Kand soll d'Chance hunn fir sech am Sekondär weider ze bilden, da muss deen esou organiséiert ginn, dass d'Familjen keng zousätzlech Chargen hunn.
Et kann nët sinn, dass vun den Jonken ëmmer méi Qualifikatioun verlangt gëtt, den Wee dohinner awer duerch finanziell Contrainten verbaut gett.