Petitionnär/in: Jean Marie Jean-Pierre Heuschling
Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier ! Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales !
Zil vun der Petitioun
De Collectif Monoparental fuerdert: 1. Elo direkt e Reklassement vun den elengerzéiende Familljen an d'Steierklass 2. (Definitioun vun ,,elengerzéiend Famill": een eenzegen Erwuessenen, Wittfra/Wittmann, gescheet, oder Jonggesell(in), mat engem oder méi Kanner zu Laaschten) 2. D'Bäibehalen vum CIM (crédit d'impôt monoparental) a seng Upassung op EUR2.500 pro Joer, ouni Konditiounen déi un d'Pai oder d'Alimenter gebonne sinn, fir all Elengerzéier(inne) mat engem oder méi Kanner. ---- Le Collectif Monoparental revendique : 1. Le reclassement immédiat des familles monoparentales dans la classe d'impôt 2. (Définition de « famille monoparentale » : un seul adulte (veu(f)ve, divorcé(e), célibataire) avec un ou plusieurs enfants à charge.) 2. Le maintien du CIM (crédit d'impôt monoparental) et son adaptation à EUR2.500 par an, sans condition de salaire et d'aliments, pour tout parent élevant seul un ou plusieurs enfants. https://www.facebook.com/groups/monoparentaux/
Motivatioun vun der Petitioun
Motivatioun vun der Petitioun: Nach ëmmer ginn hei zu Lëtzebuerg d'Kanner aus elengerzéiende Familljen diskriminéiert duerch e steierleche System deen sech nom Familljestand vun hiren Elteren riicht. Dës Kanner ginn onfair benodeelegt, well deen Elterendeel dee si erzéit ganz eleng méi Steiere muss bezuelen wéi eng bestueten oder gepacste Koppel mat gläichem Akommes, souguer wann déi Koppel iwwerhaapt keng Kanner huet. Elengerzéier brauchen eng dréngend Ëmsetzung vun den uewe genannte Mesuren, well eis elengerzéiend Familljen an enger Situatioun sinn déi si einfach net méi packen: 58.7% vun hinne komme finanziell net iwwert d'Ronne, wärend 38% riskéieren an d'Aarmut ze falen. (Statec 5/21) ------ Aujourd'hui, au Luxembourg, les enfants vivant dans des familles monoparentales sont discriminés par un système fiscal basé sur l'état civil de leurs parents. Ces enfants sont désavantagés d'une manière injuste, parce que le seul parent qui les élève paie, à lui ou à elle seul(e), plus d'impôts que les couples mariés ou pacsés, à revenu égal, et même sans enfants. Il est de toute urgence que la mise en oeuvre des mesures mentionnées ci-dessus soient réalisées, au vu de la situation insoutenable des familles monoparentales dont 58.7% ont de la difficulté à joindre les deux bouts sur le plan financier, tandis que 38% font face au risque de pauvreté. (Statec 5/21) Le Collectif Monoparental https://www.facebook.com/groups/monoparentaux/
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2107 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 3270
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 60
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 3210
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2107 z'ënnerschreiwen ass den 31-12-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 3230
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2107 ka vum 19-11-2021 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 gouf den 17-11-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-11-2021 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-12-2021 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-11-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2107 gouf den 14-11-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier !
Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales !
Zil vun der Petitioun: De Collectif Monoparental fuerdert:
1. Elo direkt e Reklassement vun den elengerzéiende Familljen an d'Steierklass 2. (Definitioun vun ,,elengerzéiend Famill": een eenzegen Erwuessenen, Wittfra/Wittmann, gescheet, oder Jonggesell(in), mat engem oder méi Kanner zu Laaschten)
2. D'Bäibehalen vum CIM (crédit d'impôt monoparental) a seng Upassung op EUR2.500 pro Joer, ouni Konditiounen déi un d'Pai oder d'Alimenter gebonne sinn, fir all Elengerzéier(inne) mat engem oder méi Kanner.
----
Le Collectif Monoparental revendique :
1. Le reclassement immédiat des familles monoparentales dans la classe d'impôt 2. (Définition de « famille monoparentale » : un seul adulte (veu(f)ve, divorcé(e), célibataire) avec un ou plusieurs enfants à charge.)
2. Le maintien du CIM (crédit d'impôt monoparental) et son adaptation à EUR2.500 par an, sans condition de salaire et d'aliments, pour tout parent élevant seul un ou plusieurs enfants.
www.facebook.com/groups/monoparentaux/
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Motivatioun vun der Petitioun:
Nach ëmmer ginn hei zu Lëtzebuerg d'Kanner aus elengerzéiende Familljen diskriminéiert duerch e steierleche System deen sech nom Familljestand vun hiren Elteren riicht. Dës Kanner ginn onfair benodeelegt, well deen Elterendeel dee si erzéit ganz eleng méi Steiere muss bezuelen wéi eng bestueten oder gepacste Koppel mat gläichem Akommes, souguer wann déi Koppel iwwerhaapt keng Kanner huet.
Elengerzéier brauchen eng dréngend Ëmsetzung vun den uewe genannte Mesuren, well eis elengerzéiend Familljen an enger Situatioun sinn déi si einfach net méi packen: 58.7% vun hinne komme finanziell net iwwert d'Ronne, wärend 38% riskéieren an d'Aarmut ze falen. (Statec 5/21)
------
Aujourd'hui, au Luxembourg, les enfants vivant dans des familles monoparentales sont discriminés par un système fiscal basé sur l'état civil de leurs parents. Ces enfants sont désavantagés d'une manière injuste, parce que le seul parent qui les élève paie, à lui ou à elle seul(e), plus d'impôts que les couples mariés ou pacsés, à revenu égal, et même sans enfants.
Il est de toute urgence que la mise en oeuvre des mesures mentionnées ci-dessus soient réalisées, au vu de la situation insoutenable des familles monoparentales dont 58.7% ont de la difficulté à joindre les deux bouts sur le plan financier, tandis que 38% font face au risque de pauvreté. (Statec 5/21)
Le Collectif Monoparental
www.facebook.com/groups/monoparentaux/