Petitionnär/in: Flavio Menei
Referendum: Neiwahle fir Lëtzebuerg
Zil vun der Petitioun
No den erzwongene Neiwahlen 2013 wou d'Vollek gewielt huet an e kloere Vote ofginn hat, dee jo u sech net respektéiert gouf, an déi meescht Leit mëttlerweil ganz onzefridde mat der Regierung sinn, wier et lo un der Zäit, e Referendum ze organiséiren wou d’Wieler gefrot solle ginn, ob si Neiwahlen wëllen oder net. D’Resultat vum Referendum soll fir d’Regierung verbindlech sinn. No engem Referendum, ugeholl vun enger Chambermajoritéit op Virschlag vun der Regierung, déi domat de Risiko vun enger Spléckung vum Land a Kaf geholl huet, ass elo de Moment do fir ze kucken, op d'Vollek der Meenung ass, datt d'Regierung mat hierer Chambermajoritéit et nach verdéngt ze bleiwen!
Motivatioun vun der Petitioun
D’Motivatioun déi et do gëtt, ass d'Bierger vun eisem Land wielen ze loossen, wat fir eng Politik a wat fir eng Regierung si a Wirklechkeet gären hätten an datt hier Wiel och respektéiert gëtt ouni den Diktat vun net gewollten Dreier-Koalitiounen, Tripartiten oder wat och ëmmer... An datt endlech eng Regierung do ass, déi sech fir eng echt Chancegläichheet vun de Mënschen an eisem Ländchen asetzt.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 3280
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 510 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 03-09-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 3292
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 510 z'ënnerschreiwen ass den 20-08-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 3293
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 12
Zuel vun Ënnerschrëften op Pabeier: 12
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 510 ka vum 08-07-2015 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 510 gouf den 03-07-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-07-2015 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-08-2015 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-06-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 510 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 510 gouf den 09-06-2015 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Referendum: Neiwahle fir Lëtzebuerg
Zil vun der Petitioun: No den erzwongene Neiwahlen 2013 wou d'Vollek gewielt huet an e kloere Vote ofginn hat, dee jo u sech net respektéiert gouf, an déi meescht Leit mëttlerweil ganz onzefridde mat der Regierung sinn, wier et lo un der Zäit, e Referendum ze organiséiren wou d’Wieler gefrot solle ginn, ob si Neiwahlen wëllen oder net. D’Resultat vum Referendum soll fir d’Regierung verbindlech sinn. No engem Referendum, ugeholl vun enger Chambermajoritéit op Virschlag vun der Regierung, déi domat de Risiko vun enger Spléckung vum Land a Kaf geholl huet, ass elo de Moment do fir ze kucken, op d'Vollek der Meenung ass, datt d'Regierung mat hierer Chambermajoritéit et nach verdéngt ze bleiwen!
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’Motivatioun déi et do gëtt, ass d'Bierger vun eisem Land wielen ze loossen, wat fir eng Politik a wat fir eng Regierung si a Wirklechkeet gären hätten an datt hier Wiel och respektéiert gëtt ouni den Diktat vun net gewollten Dreier-Koalitiounen, Tripartiten oder wat och ëmmer... An datt endlech eng Regierung do ass, déi sech fir eng echt Chancegläichheet vun de Mënschen an eisem Ländchen asetzt.