Petitionnär/in: Nora Schleich
Géint Feierwierkskierper a Knupperten zu Sylvester!
Zil vun der Petitioun
Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze ereechen, dat en legislativt, konsequent Verbued ausgeschwat gett géint de Verkaf an d'Ooffeieren vun Knupperten, Rakeiten, an ähnlechen Feierwierkskierperen un a vun private Persounen oder Organisatiounen. Et ass all Joërs grausam, wéivill Déieren a Panik verfalen, nëmmen well den Eenzelnen muss weisen, wéi schein e knuppe kann. Des weideren kascht et eng Onmass u Geld, déi mat Secherheet besser anzwousch anescht ugehluecht wier! (Spenden, etc.) Och net ze veruechten ass den Impakt op d'Emwelt, iwwerall leien dei eidel Këschten an ausgebrannte Rakéiten ronderem, an d'ass keen Eenzelfall, dat deen Een oder Aneren mat Blessuren hospitaliséiert ginn muss. Duerfir soen ech NEE zu deem onnéidegen Knupp-Wahnsinn, deen allgemeng méi Schueden uriicht, wei dat e Freed soll machen! Dëst ass primär een NEE fir d'Déieren, déi mat Secherheet am meeschten ennert desem egoisteschen Verhale vun hiere menschlechen Matbewunner ze leiden hunn! Aaner Groussstiedt (Parais,...) verbidden d'Ooffeieren vun Feierwierkskierper vun Privatpersounen och, da komm mir halen och do mat deene Grousse mat!
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1524
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 475 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 10-03-2015 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1524
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 475 z'ënnerschreiwen ass den 07-03-2015 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1527
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 475 ka vum 23-01-2015 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 475 gouf den 22-01-2015 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-01-2015 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-03-2015 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 15-01-2015 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 475 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 475 gouf den 31-12-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Géint Feierwierkskierper a Knupperten zu Sylvester!
Zil vun der Petitioun: Mat dëser Pétitioun erhoffen ech mer et ze ereechen, dat en legislativt, konsequent Verbued ausgeschwat gett géint de Verkaf an d'Ooffeieren vun Knupperten, Rakeiten, an ähnlechen Feierwierkskierperen un a vun private Persounen oder Organisatiounen. Et ass all Joërs grausam, wéivill Déieren a Panik verfalen, nëmmen well den Eenzelnen muss weisen, wéi schein e knuppe kann. Des weideren kascht et eng Onmass u Geld, déi mat Secherheet besser anzwousch anescht ugehluecht wier! (Spenden, etc.) Och net ze veruechten ass den Impakt op d'Emwelt, iwwerall leien dei eidel Këschten an ausgebrannte Rakéiten ronderem, an d'ass keen Eenzelfall, dat deen Een oder Aneren mat Blessuren hospitaliséiert ginn muss.
Duerfir soen ech NEE zu deem onnéidegen Knupp-Wahnsinn, deen allgemeng méi Schueden uriicht, wei dat e Freed soll machen! Dëst ass primär een NEE fir d'Déieren, déi mat Secherheet am meeschten ennert desem egoisteschen Verhale vun hiere menschlechen Matbewunner ze leiden hunn!
Aaner Groussstiedt (Parais,...) verbidden d'Ooffeieren vun Feierwierkskierper vun Privatpersounen och, da komm mir halen och do mat deene Grousse mat!