Einfach n°1357

Petitionnär/in: Joël Gangolf

[LU:] Ongenügend Réckbeliichtung vun Agrarmaschinnen op ëffentlecher Strooss [FR:] Éclairage insuffisant de la partie arrière des machines agricoles sur nos routes [DE:] Unausreichende Rückbelichtung von Agrarmaschinen auf öffentlicher Straße

Zil vun der Petitioun

[LU:] Baueren dozou verpflichten, op hiren Agrarmaschinnen (Trakter, Mähdrescher, Unhänger / Teimer) eng Beliichtung ze montéieren, déi hir Gefierter vun Wäitem op den Stroossen siichtbar maachen, mat Policekontrollen. [FR:] Obliger les agriculteurs d'équiper leurs marchines agricoles d'un éclairage permettant aux autres utilisateurs de la rotue de les reconnaître à distance, avec des contrôles policiers. [DE:] Baueren dazu verpflichiten, auf ihren Agrarmaschinen (Traktor, Mähdrescher, Anhänger) eine angemessene Belichtung zu montieren, welche es ermöglicht ihr Gefährt von Weitem auf der öffentlichen Straße zu erkennen, mitsamt Polizeikontrollen bezüglich der Einhaltung dieser Forderung.

Motivatioun vun der Petitioun

[LU:] Déi momentan Situatioun op eisen Stroossen ass déi, dat déi obligatoresch orange Luucht op den Trakteren nët duergeet, fir dat ganzt Gefiert mat engem Unhänger (sief et een mat Botten oder engem maschinellen Unhänger) uerdentlech an sénger ganzer Längt ze erfaassen an doropshin als aneren Benotzer vun der Strooss (haaptsächlech als Benotzer, déi méi déif wéi d'Agrarmaschinnen an hirem Gefiert sëtzen, dat heescht Autofuerer an Motocyclisten) ze réagéieren. Déi orange Luucht verschwënnt je no Unhänger-Typ am Däischteren (elo am Summer, besonnesch spéit owes), woumat jhust d'Reflektoren (wann der um Unhänger drunn sinn) oder/an d'Réckluuch (virausgesinn se fonktionnéieren allebéid) zeréckbleiwen. Den Faktor "minimal Beliichtung" verschäerft séch am Fall vun enger zousätlecher defekter Beliichtung, wat bäi Mähdrescher mat enger Réckluucht an der gefilltener Gréisst vun engem duerchschnëttlechem Porte-monnaie den Riskio fir en Opprall-Akzident erhéicht, och duerch d'Ënnerscheeder an der Vitesse + der Breet vum Gefiert. Maschinell Unhänger hunn zwar Reflektoren, denen hiren Effekt niewensächlech, respektiv reng zousätzlech ass an eng schlecht Réckbeliichtung un dem Zuchgefiert schlecht bis guer nët kompenséiert. - Eng Verschäerfung vum Gesetz, respektiv verschäerften Polizeikontrollen, kéinten eventuell d'Situatioun entlaaschten. [FR:] La situation actuelle sur nos routes est celle que la lumière de signalisation orange obligatoire sur les tracteurs n'est guère suffisant pour discerner tout le véhicule dans toute sa longueur, que ce soit avec une remorque de ballots ou une remorque mécanique, ce qui met en danger les autres utilisateurs de la route (surtout ceux qui sont assis plus bas que les tracteurs, c.à.d. les automobilistes et motocyclistes), en terme de temps de réaction. La lumière de signalisation orange risque de disparaître derrière la remorque (maintenant, en été, surtout plus tard dans la soirée), selon l'hauteur de celle-ci, ne restant que les réflecteurs (s'il y en a) ou/et le feu arrière (pourvu qu'un des deux n'est pas en panne). Au facteur de l'éclairage minimal s'ajoute une lumière en panne, qui pour une machine comme la moissonneuse-batteuse au feu arrière d'une grandeur d'environs celle d'un porte-monnaie moyen augmente davantage le risque d'un carambolage, accentué par la différence de vitesses d'un côté et la largeur du véhicule de l'autre. Bien que les remorques mécaniques portent des réflecteurs, l'effet des derniers ne suffit pas pour compenser une illumination insuffisante du véhicule phare. - Une législation plus stricte dans la matière, respectivement des contôles policiers plus sévères, pourraient peut-être remédier à la situation.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
10.07.2020

Deklaratioun vun der Cloture

27.05.2020

D'einfach Petitioun Nr. 1357 ass den 27-05-2020 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: prise de position ministérielle sans réaction de la part du pétitionnaire

12.03.2020

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär

25.02.2020

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1357 ass disponibel, den 25-02-2020

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

06.12.2019

Eng Stellungsnam ass den 06-12-2019 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1357 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

Transmission pour information au pétitionnaire de la demande de prise de position gouvernementale Transmission pour information au pétitionnaire de la demande de prise de position gouvernementale
04.12.2019

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 1357, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 04-12-2019