Petitionnär/in: Claude Feltgen
Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
Zil vun der Petitioun
D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Motivatioun vun der Petitioun
Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 439
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 911 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 08-02-2018 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 439
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 911 z'ënnerschreiwen ass den 19-01-2018 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 439
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 911 z'ënnerschreiwen ass den 07-12-2017 bis den 18-01-2018 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 18-01-2018
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 911 ka vum 06-12-2017 un ënnerschriwwe ginn
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 911 gouf den 30-11-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-12-2017 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-01-2018 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 28-11-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 911 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 911 gouf den 24-11-2017 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
Zil vun der Petitioun: D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.