Ëffentlech n°351

Petitionnär/in: Aldin Dreco

Géint d'Verhandele vum Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU mat Auswierkungen op Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun

Zil von dëser Petitioun ass et, een Zeechen géint d'Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU ze setzen- mat Auswierkungen op Lëtzebuerg - dat 2015 a Kraaft soll trieden, woubäi dat de Konzerne wéi z.B. Monsanto , ExxonMobil, etc. zegutt kënnt. D'Fräihandelsofkommes bewierkt, dass e Konzern aus Amerika z.B. ee Staat verkloe kann, wa Gesetzer de Konzern dru bremsen, Profit ze man. Zumools an dëser Zäit, wou all Euro zielt an iwwerall gespuert soll ginn ka Lëtzebuerg et sech net erlaabe verklot ze ginn op Käschte vum Steierzueler . Duerch dat Fräihandelsofkommes solle GENverännert Liewensmëttelen a Form vu Mais etc., sou wéi Hormonfleesch, wat gesondheetsschiedlech ass, agefouert ginn .Eis Gesondheet gëtt bewosst op d´Spill gesat " - Profit virum Mënsch " - dat betrëfft eis Gesellschaft vu Grous bis Kleng, vun Jonk bis Al. Duerch dat Fräihandelsofkommes soll " Fracking" agefouert ginn, eng Method fir Erdgas an Erdueleg ze gewannen, wouduerch Chemikalie bewosst an den Grondbuedem agefouert ginn. Och hei gëtt keng Rücksicht op de Grondbuedem geholl op dem alles opgebaut ass, Territorium gëtt bewosst aus Profit zerstéiert, wouduerch eng Verseuchung vum Drénkwasser entsteet zum Nodeel vun der Landwirtschaft, etc. Duerch daat Fräihandelsofkommes ginn Aarbechtsrechter ugegraff, Bildung gëtt ugegraff souwéi Liewensqualitéit a ville verschiddene Formen bis hin zu Privatiséierungen. Dat Fräihandelsofkommes ass en Ugreff op eise Liewensstandart, dee mer eis am Laf vu de Joerzéngten duerch verschidde Generatiounen opgebaut hunn, an et dierf net zerstéiert ginn zum Wuel vu puer Konzernen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  21.06.2014
1479 /4.500
33%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
14.07.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 351 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1479

Reklassement: ze reklasséieren

23.06.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 351 z'ënnerschreiwen ass den 23-06-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1501

23.06.2014

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1479

16.05.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 351 z'ënnerschreiwen ass den 16-05-2014 bis den 21-06-2014 verlängert ginn

Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-06-2014

12.05.2014

Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration

09.05.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 351 ka vum 09-05-2014 un ënnerschriwwe ginn

08.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 351 gouf den 08-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-05-2014 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-06-2014 um 23h59

07.05.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 351 ass positiv

25.04.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 351 gouf den 25-04-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Géint d'Verhandele vum Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU mat Auswierkungen op Lëtzebuerg

Zil vun der Petitioun: Zil von dëser Petitioun ass et, een Zeechen géint d'Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU ze setzen- mat Auswierkungen op Lëtzebuerg - dat 2015 a Kraaft soll trieden, woubäi dat de Konzerne wéi z.B. Monsanto , ExxonMobil, etc. zegutt kënnt.

D'Fräihandelsofkommes bewierkt, dass e Konzern aus Amerika z.B. ee Staat verkloe kann, wa Gesetzer de Konzern dru bremsen, Profit ze man. Zumools an dëser Zäit, wou all Euro zielt an iwwerall gespuert soll ginn ka Lëtzebuerg et sech net erlaabe verklot ze ginn op Käschte vum Steierzueler .

Duerch dat Fräihandelsofkommes solle GENverännert Liewensmëttelen a Form vu Mais etc., sou wéi Hormonfleesch, wat gesondheetsschiedlech ass, agefouert ginn .Eis Gesondheet gëtt bewosst op d´Spill gesat " - Profit virum Mënsch " - dat betrëfft eis Gesellschaft vu Grous bis Kleng, vun Jonk bis Al.

Duerch dat Fräihandelsofkommes soll " Fracking" agefouert ginn, eng Method fir Erdgas an Erdueleg ze gewannen, wouduerch Chemikalie bewosst an den Grondbuedem agefouert ginn. Och hei gëtt keng Rücksicht op de Grondbuedem geholl op dem alles opgebaut ass, Territorium gëtt bewosst aus Profit zerstéiert, wouduerch eng Verseuchung vum Drénkwasser entsteet zum Nodeel vun der Landwirtschaft, etc.

Duerch daat Fräihandelsofkommes ginn Aarbechtsrechter ugegraff, Bildung gëtt ugegraff souwéi Liewensqualitéit a ville verschiddene Formen bis hin zu Privatiséierungen. Dat Fräihandelsofkommes ass en Ugreff op eise Liewensstandart, dee mer eis am Laf vu de Joerzéngten duerch verschidde Generatiounen opgebaut hunn, an et dierf net zerstéiert ginn zum Wuel vu puer Konzernen.