Petitionnär/in: Pia Klein
Eng blo Luucht fir d'Dokteren déi op ee Noutfall fuere mussen
Zil vun der Petitioun
Eng blo Luucht fir d’Dokteren, déi op een Noutfall fuere mussen. Dacks kann et daueren, besonnesch am ländleche Raum, bis de SAMU op enger Plaz ukënnt, wou een Akzident geschitt ass oder een anere Noutfall agetraff ass (Häerzinfarkt, Harespelsstéch, …). Oft gëtt dann den Dokter aus der Noperschaft geruff, dee séier versicht fir op der Plaz ze sinn a kucke muss, duerch den Trafic ze kommen. Dofir ass et essentiell fir enger gewëssener Zuel vun Dokteren eng blo Luucht zur Verfügung ze stellen, déi si just am Noutfall asetzen däerfen, sou wéi dat zum Beispill an Éisträich de Fall ass. An deem Sënn ass et noutwendeg de Code de la route punktuell ze änneren, fir de Patienten am Noutfall schnellstméiglech zur Hëllef ze kommen.
Motivatioun vun der Petitioun
Jidfereen kann mol an en Noutfall kommen, an dann wier en frouh wann daat am Gesetz geännert wier.
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 1045 ass den 16-10-2019 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1045 ass disponibel, den 12-06-2019
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Eng Stellungsnam ass den 11-01-2019 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1045 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics