Einfach n°350
Petitionnär/in: Claude Hoffmann
Géint de Bau vun der neier Nationalbibliothéik a fir d'Ofhale vun engem Referendum
Zil vun der Petitioun
Zil vun daer Petitioun ass et, fir dass dee Projet ersatzlos gestrach gëtt. Déi geplangten Nationalbibliothéik läit ongënschteg an ass mat den ëffentlechen Verkéiersmëttelen schwéier ze erreechen. Vill Leit, déi zum Zilpublikum (z.B. Studenten, Schüler, etc.) vun daer Bibliothéik gehéieren, sinn allerdéngs dorop ugewisen, dass esou eng Institutioun mam ÖV gutt erreechbar ass. Zudem ass an Zäite vu Budgetrestriktiounen aus Austéritéitsgrënn esou ee Projet virum Vollék schwéier ze vertrieden, virun allem dann, wann op der anerer Säit Steiererhéijunge geplangt sinn. All Persoun, déi zu Lëtzebuerg Steiere bezillt, muss heizou bäidroën, op ë wëllt oder net.
Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt.
Ëffentlech Petitioun uweisen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
06.10.2014
16.07.2014
Information au pétitionnaire sur le reclassement de sa pétition publique en pétition ordinaire et demande de clôture
16.07.2014
Information au pétitionnaire sur le reclassement de sa pétition publique en pétition ordinaire et demande de clôture
14.07.2014