Petitionnär/in: Pascale Lentz
Fir d'Aféierung vu Betreiungsgeld fir Elteren déi hier Kanner déi éischt Joëren doheem wëllen encadréieren
Zil vun der Petitioun
Elterendeeler sollen dobäi ënnerstëtzt gi fir hier Kanner déi éischt puer Joër doheem ze betreien an net musse schaffen ze goen oder hier Kanner an eng Crèche mussen ginn. Ganz vill Famillen géife gäre méi Zäit an hir Kanner investéieren, mais et ass oft finanziell net méiglech. Dofir wier et wichteg och dës Form vu Kannerbetreiung ze respektéieren an ze erméiglechen datt Famillen dobäi finanziell ënnerstëtzt ginn.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 413 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-10-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 484
Reklassement: ze reklasséieren
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 413 z'ënnerschreiwen ass den 12-09-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 487
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 413 ka vum 31-07-2014 un ënnerschriwwe ginn
Déclaration de recevabilité et transmission à la Commission de la Famille et de l'Intégration
D'ëffentlech Petitioun Nr. 413 gouf den 30-07-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 31-07-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-09-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 29-07-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 413 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 413 gouf den 23-07-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir d'Aféierung vu Betreiungsgeld fir Elteren déi hier Kanner déi éischt Joëren doheem wëllen encadréieren
Zil vun der Petitioun: Elterendeeler sollen dobäi ënnerstëtzt gi fir hier Kanner déi éischt puer Joër doheem ze betreien an net musse schaffen ze goen oder hier Kanner an eng Crèche mussen ginn. Ganz vill Famillen géife gäre méi Zäit an hir Kanner investéieren, mais et ass oft finanziell net méiglech. Dofir wier et wichteg och dës Form vu Kannerbetreiung ze respektéieren an ze erméiglechen datt Famillen dobäi finanziell ënnerstëtzt ginn.