Petitionnär/in: Julien Groebig
D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn.
Zil vun der Petitioun
Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik –Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren. Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'„Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale“. Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a –methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of. Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt) Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt. Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/–methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen. Beispill: - Keng effectiv Waassergewinnung: Senso –motoresch Entwéckelung - Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun - Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz - deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun. - Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen. Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert. D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet. D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1168
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 454 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-12-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1168
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 454 z'ënnerschreiwen ass den 10-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1169
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 454 ka vum 28-10-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 454 gouf den 27-10-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-10-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-12-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-10-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 454 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 454 gouf den 14-10-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum „Instructeur de natation" ënnerriicht ginn.
Zil vun der Petitioun: Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik –Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren.
Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'„Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale“.
Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a –methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of.
Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt)
Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt.
Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/–methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen.
Beispill:
- Keng effectiv Waassergewinnung: Senso –motoresch Entwéckelung
- Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun
- Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz
- deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun.
- Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen.
Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert.
D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet.
D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.