Petitionnär/in: Jesus Manuel Calleja Quintana
Streng Iwwerwaachung op Autosolismus zu Lëtzebuerg
Zil vun der Petitioun
Fir d´eischt, dës schiedlech Gewunnecht beschränken a méi schwéier ze maachen. Duerno soll et verschwonnen ginn.
Motivatioun vun der Petitioun
Autosolismus ass e Kriibs fir eist Land. Dës Autoskolonnen bal ëmmer mat nëmmen enger Persoun dobai. Onekonomesch an onfrëndlech fir eis Ëmwelt. Ee plënnert 1,5 t Stol (an anere) ewech, fir 75 kg ze bewegen. Haut ziele mir op C Neutralitéit am Joer 2050. Méi konkret, dréit de 'Green Deal' eis eng Reduktioun vun 90% un CO2 Emissiounen vun Transportmëttelen bis zu deem Joer. Et gëtt schonn eng grenziwwerobligatoresch Empfehlung (SDTGR) fir dës Plo ëm 20% ze ofbauen (2025 vs 2017). Elo 66% vun de Reese gi mam Auto gemaach, dofir brauche mir eng kloer Richtung vum Regiérung a Gesetzer. E voll Verbuet schéngt haut komplizéiert, esou verschidden Méiglechkeeten: - Enn vu ugebueden Firmeautoen. Dat sinn richtegen "Désavantages en Nature". Dat selwecht gëtt fir Parkplazen. - Kee méi TVA Ausnamen fir Autoen akafen. - Promotioun vum ëffentlechen Transport. Keng méi Mentalitéit datt den Auto ''Classe'' ass. - Auto matdeelen (Covoiturage). - Ënnerscheed tëscht Thermeschen / Hybridmotoren, versus Elektreschen. - Heefege Kontrollen Méindes - Freides. Biller mat enger Persoun pro Auto schengen haut net méi akzeptabel. Et steet ze vill um Spill.
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 1913 ass den 18-05-2022 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung un de Petitionär
Transmission de la prise de position gouvernementale au pétitionnaireEng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1913 ass disponibel, den 08-02-2022
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Prise de position gouvernementaleEng Stellungsnam ass den 17-12-2021 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1913 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics
Demande de prise de position gouvernementale avec information au pétitionnaire