Petitionnär/in: Claude Feltgen
Schülerinnen a Schüler raus aus dem Beruffstraffic! Lycéeën eng Stonn méi spéit ufänke loossen
Zil vun der Petitioun
D'Lycéeë sollen am ganze Land Moies eng gutt Stonn méi spéit ewéi aktuell ufänken.
Motivatioun vun der Petitioun
Ee vun de gréisste Problemer am Effentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass, datt während der sougenanntener Rushhour virun 8 Auer net genuch Kapazitéite fir jiddereen, deen dovunner profitéiere wëll, do sinn. Eng Méiglechkeet fir dës Rushhour méi ausenaner ze zéien an domadder méi Plaz fir jiddereen ze schafen ass et, d‘Lycéeën eng Stonn méi spéit, also géint 9 ufänken ze loossen, esou datt di allermeescht Schülerinnen a Schüler réischt no 8 Auer op den Effentlechen Transport ugewisse sinn. Nieft dësem prakteschen Notzen am Effentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Reih vun Etuden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 911 ass den 03-10-2018 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: pas de suite réservée par le pétitionnaire à la prise de position du ministre
Weiderleedung un de Petitionär
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 911 ass disponibel, den 24-07-2018
Minister(en): Monsieur Claude Meisch, Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Eng Stellungsnam ass den 06-03-2018 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 911 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur Claude Meisch, Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse