D'ëffentlech Petitioun Nr. 443 gouf den 09-10-2014 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: irrecevabel
Petitionnär/in: Marc List
Recevabilitéit: irrecevabel
Avis vun der Petitiounskommissioun: negativ
Titel vun der Petitioun: Opleisung vun der Organisatioun "Schutz fir d' Kand"
Zil vun der Petitioun: dei Organisatioun "Schutz fir d' Kand" ass an mengen Aan eng Diskriminatioun vun den Rechter vun den Menschen, am Gesetz steet, dat en Kand soll vun 2 Elterendeeler erzunn gin an do steet net dran, op dat männlein an weiblein muss sin.
Dei Organisatioun diskrimineiert Homosexuel Leit an well hinnen en Recht eweg huelen, waat et
eischtens nach net get an
zweetens jidderengem soll zoustoen,
et gin genuch Grenn fir dat dei Organisatioun sech opleisen soll, well wann een en Kand well schützen dann mol vlait aus villen aneren Grönn awer net op se vun Homosexuellen erzunn gin, well et soll een emmer bedenken dat all Kand waat adopteiert get, jo awer en Doheem soll gebueden kreien wou et mat Leift an Gebuergenheet soll erzunn gin an do ass et egal op dat eng Homosexuel Koppel oder eng Heterosexuel Koppel ass