Einfach n°454

Petitionnär/in: Julien Groebig

D´Schwammen an der École fondamentale muss erëm vum 'EInstructeur de natation' ënnerriicht ginn.

Zil vun der Petitioun

Säit der ofizieller Unerkennung vum Beruf vum Schwammmeeschter (3 Joer Berufsausbildung mat de Schwéierpunkten Sécuritéit, Hygiène a Schwammdidaktik –Methodik am Milieu aquatique - CTAP instructeur de natation) hunn a ville Gemengen d´Schwammmeeschteren de Schüler d´Fach Schwammen kannergerecht ënnerriicht an haten d´Méiglechkeet während der gesamter Durée vumEnseignement Primaire als Titulaire des Schüler ze suivéieren an hir Kompetenzen am Fachschwammen ze perfectionnéieren. Säit der Schoulrentrée 2014 an dem neie Gesetz vum Här Minister Meisch, iwerhuelen d´Enseignenten oder hirRemplaçanten d'„Tâche vum enseignement de natation à l´écolefondamentale“. Eng Majoritéitun dem Corps des Enseignants woren net erfreet iwert dest neit Gesetz. Si hunn an hirer pedagogescher Ausbildung net genügend Fachdidaktik a –methodik an net genuch Praxis am Fach Schwammen ënnerriicht kritt a bekloen eng supplementar Responsabilitéit ze droen. Si leeën folglech an de préference dest Fach an hirem Horaire scolaire of. Um Wee vu séngem neie Gesetz huet den Här Meisch säin Accord ginn, datt Remplaçanten de l´Enseignement primaire d´Schoulschwammen ënnerriichte mat engem Contrat à durée déterminée. (e Joereskontrakt) Dem Här Meisch säin Ziel, de ganzen Enseignement primaire vu pedagogesch geléiert Fachleit leeden ze loossen, ass esou materfëllt. Wat den Här Meisch bedauerlescherweis a séngerDémarche net berücksichtegt huet ass de Fait, datt der Spézifizitéit vum Fach Schwammen keng Efficacitéit méi gedroe gëtt. Aus méngen eegenenObsevatiounen stellen ech fest,datt och héischmotivéiert Remplaçanten net genügend schwammdidaktesch/–methodesch Kentnisser hunn, an déi breedgefächert allgemeng educativ Wichtegkeet vum Schwammen net genuch berücksichtegen. Beispill: - Keng effectiv Waassergewinnung: Senso –motoresch Entwéckelung - Keng Sécherheet am Milieu aquatique: Raumorientéierung, Gravitatioun - Net genuch Hygiène: Selbstverwaltung a Selbstschutz - deels falsch Schwammstilvermëttelung: Koordinatioun vu Kierperbeweegung a Respiratioun. - Ouni nach wieder op d'Rettungsschwammen an sozial Interactioun anzegoen. Dem Här Meisch säin zweet Ziel, de marché de l´emploi am Enseignement ze garantéieren, huet enger Grupp vuLeit et erméigelecht am Enseignement eng Aarbeschtsplaz ze fannen, huet awer anersäits de Beruf vum diploméierte Schwammmeeschter discréditéiert a banaliséiert. D´Fachspeziefech didaktesch a methodesch Kentnisser,déi den CATP instructeur de natation a séngen 3 JoerFormatioun geléiert huet, gëtt vun elo un lues a lues remplaçéiert duerch schwammfreedeg Leit mat engem éischten oder zweeten Rettungsbrevet. D´Professionnalitéit an d'Qualitéit vum Schwammmeeschterberuf gëtt ëntwäert an zitt folglech eng spannend Entwecklung fir eis zukünfteg Generatioun mat sech.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
15.01.2015

D'einfach Petitioun Nr. 454 ass den 15-01-2015 ofgeschloss ginn

16.12.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 454, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 16-12-2014