Petitionnär/in: Aldin Dreco
Géint d'Verhandele vum Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU mat Auswierkungen op Lëtzebuerg
Zil vun der Petitioun
Zil von dëser Petitioun ass et, een Zeechen géint d'Fräihandelsofkommes TTIP zwëschen der USA an der EU ze setzen- mat Auswierkungen op Lëtzebuerg - dat 2015 a Kraaft soll trieden, woubäi dat de Konzerne wéi z.B. Monsanto , ExxonMobil, etc. zegutt kënnt. D'Fräihandelsofkommes bewierkt, dass e Konzern aus Amerika z.B. ee Staat verkloe kann, wa Gesetzer de Konzern dru bremsen, Profit ze man. Zumools an dëser Zäit, wou all Euro zielt an iwwerall gespuert soll ginn ka Lëtzebuerg et sech net erlaabe verklot ze ginn op Käschte vum Steierzueler . Duerch dat Fräihandelsofkommes solle GENverännert Liewensmëttelen a Form vu Mais etc., sou wéi Hormonfleesch, wat gesondheetsschiedlech ass, agefouert ginn .Eis Gesondheet gëtt bewosst op d´Spill gesat " - Profit virum Mënsch " - dat betrëfft eis Gesellschaft vu Grous bis Kleng, vun Jonk bis Al. Duerch dat Fräihandelsofkommes soll " Fracking" agefouert ginn, eng Method fir Erdgas an Erdueleg ze gewannen, wouduerch Chemikalie bewosst an den Grondbuedem agefouert ginn. Och hei gëtt keng Rücksicht op de Grondbuedem geholl op dem alles opgebaut ass, Territorium gëtt bewosst aus Profit zerstéiert, wouduerch eng Verseuchung vum Drénkwasser entsteet zum Nodeel vun der Landwirtschaft, etc. Duerch daat Fräihandelsofkommes ginn Aarbechtsrechter ugegraff, Bildung gëtt ugegraff souwéi Liewensqualitéit a ville verschiddene Formen bis hin zu Privatiséierungen. Dat Fräihandelsofkommes ass en Ugreff op eise Liewensstandart, dee mer eis am Laf vu de Joerzéngten duerch verschidde Generatiounen opgebaut hunn, an et dierf net zerstéiert ginn zum Wuel vu puer Konzernen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Fachkommissioun mat Ufro fir d'Cloture
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 351 ass disponibel, den 06-10-2014
Parlamentaresch Kommissiounen: Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration
Informatioun un de Petitionär iwwert de Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun an eng einfach Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 351 gouf den 16-07-2014 an d’Fachkommissioun weidergeleed
Parlamentaresch Kommissiounen: Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration