Petitionnär/in: Fabienne Matagne
Fir eng Reform vum Déiereschutzgesetz an d'Ofschafe vun der Rasselëscht am Hondsgesetz.
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun soll den But hunn d'Rasselëscht fir d'Hënn falen ze loossen an eist Déiereschutzgesetz allgemeng ze réformeieren. Wat d'Hondsgesetz ugeet kann ALL Hond potenziell geféierlech sinn. Keen Hond ass genetesch méi geféierlech wéi en aneren, an dëse bestoenden Artikel aus dem Hondsgesetz vun 2008 soll bestoe bleiwen an d'Basis fir en neit Hondsgesetz ouni Rassendiskriminatioun sinn. Opklärung a Respekt am Emgang mat ALL Déier soll d'Devise sinn. D'Déiereschutzgesetz muss och reforméiert ginn. Egal wéi een Déier, se dierfen net méi als Saach virum Lëtzebuerger Gesetz gëllen. Déieremëssbrauch an all Form muss endlech gesetzlech méi streng pénaliséiert ginn. Net d'Déiere solle fir d'Fehlverhale vum Mënsch mussen hire Kapp duerhalen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung mat Ufro fir d'Cloture
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 353 ass disponibel, den 02-09-2014
Eng Stellungsnam ass den 16-07-2014 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 353 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs