Petitionnär/in: Gérard Philipp
Lëtzebuergesch als Flichtsprooch an de Kliniken
Zil vun der Petitioun
Et muss eng Flicht ginn fir all Personal (Dokter, Infirmier etc.) de mat Patienten ze dinn hunn, mat de Patienten op Lëtzebuergesch ze kommunizéieren. Fir eng Aarbecht an enger Klinik hei zu Lëtzebuerg ze kréien muss dëst Personal ee Lëtzebuerger Sprooch Examen maachen a packen.
Motivatioun vun der Petitioun
Et sinn vill Lëtzebuerger déi sech net richteg an enger anerer Sprooch ausdrécke kënnen well ze Fachausdréck nëmmen ob Lëtzebuergesch kennen. An och Fach Explikatiounen an enger anerer Sprooch net ëmmer richteg oder guer net verstinn. Doraus kann ee potentielle Gesondheetsrisiko entstoen duerch d’Kommunikatiounsproblemer a falsch Interpretatioune vu Krankheeten oder Instruktiounen vum Dokter. De Patient muss sech wuel fillen an enger Klinik, an net drënner leiden, well ee sech net richteg ausdrécke kann, oder versteet, wat een eigentlech huet.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 767 den 30-05-2017
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 767 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 30-05-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 4259
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 767 z'ënnerschreiwen ass den 23-05-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4300
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 767 ka vum 10-04-2017 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 767 gouf den 06-04-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 10-04-2017 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-05-2017 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-04-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 767 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 767 gouf den 18-01-2017 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Lëtzebuergesch als Flichtsprooch an de Kliniken
Zil vun der Petitioun: Et muss eng Flicht ginn fir all Personal (Dokter, Infirmier etc.) de mat Patienten ze dinn hunn, mat de Patienten op Lëtzebuergesch ze kommunizéieren. Fir eng Aarbecht an enger Klinik hei zu Lëtzebuerg ze kréien muss dëst Personal ee Lëtzebuerger Sprooch Examen maachen a packen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et sinn vill Lëtzebuerger déi sech net richteg an enger anerer Sprooch ausdrécke kënnen well ze Fachausdréck nëmmen ob Lëtzebuergesch kennen. An och Fach Explikatiounen an enger anerer Sprooch net ëmmer richteg oder guer net verstinn. Doraus kann ee potentielle Gesondheetsrisiko entstoen duerch d’Kommunikatiounsproblemer a falsch Interpretatioune vu Krankheeten oder Instruktiounen vum Dokter. De Patient muss sech wuel fillen an enger Klinik, an net drënner leiden, well ee sech net richteg ausdrécke kann, oder versteet, wat een eigentlech huet.