Ëffentlech n°439

Petitionnär/in: Jean Victor Pierre Krier

Eng 100% ofgeséchert, fair, transparent & éierlech, «Kandidate Wal» per Internet a keng regruppéiert «Parteie Wal» pro Wahlbüro

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
irrecevabel

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
23.10.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun an déi ordinär Petitioun n°439, nodeems se den 23-10-2014 duerch d'Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert gouf

23.10.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 439 gouf den 23-10-2014 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: irrecevabel

16.10.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-10-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 439 ass negativ

Avis vun der Petitiounskommissioun: negativ

26.09.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 439 gouf den 26-09-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Eng 100% ofgeséchert, fair, transparent & éierlech, «Kandidate Wal» per Internet a keng regruppéiert «Parteie Wal» pro Wahlbüro

Zil vun der Petitioun: An dat Ganzt selbstverständlech fir ganz Land, an net 100% Ondemokratesch wéi dat bis elo zou Lëtzebuerg ëmmer de Fall wor, pro Wahlbezierk. Schliisslech representéiert de Kandidat jo ganz Land, wann hien bei der Wal vum Vollek an Spëtz vun der Chamber & Regierung gewielt gëtt – an net nëmme säi Wahlbezierk! Domadder wier dann och endlech dat berühmte «Kaz a Maus» Spill aus der Welt geschaf, wou eng Rei Partei Kandidaten während der Wal Campagne a sougenannte Bréifkëschte schlofen, oder hiert Nuetslager niewent dem Hond am Gaart ageriicht hunn.

 

Wa mir zou Lëtzebuerger vun «Demokratie» egal op elo vun enger Representativer Demokratie oder Monarchie gesteierter Diktatur schwätzen, da muss den Haff an de Staat un alleréischter Stell mol duerfir suergen, datt et bei de Walen mat demokratesche Prinzipien zougeet – an net mat de «Père en Fils» veriewten Partei Politeschen Gauner & Bandite Methoden, wou dee Persoun um Enn virun dem Gesetz Recht behält: Déi an der Chamber & Regierung «déi meeschte Famillje Memberen» ëm sech versammele kann.

26.09.2014

Depot