Ëffentlech n°1662

Petitionnär/in: Christiane Zeimes

Fir oder géint de Coronavaccin – eng wichteg an eng fräi Entscheedung ! / Pour ou contre le coronavaccin – une décision importante et libre !

Zil vun der Petitioun

Mir wëllen eis fräi Entscheedung, fir oder géingt e Coronavaccin, a gudde Konditiounen treffen. Dofir froe mir : 1- eng breet, ëffentlech Diskussioun wou niewent der offizieller Pandemiemeenung och aner wëssenschaftlech Stëmmen zu Wuert kommen. 2- Transparenz vun eiser Regierung wat de neie Vaccin betrëfft ( Kafvertrag, Testphasen a Niewewierkungen, Wirksamkeit, OGM an aner Inhaltsstoffer…) 3- keen Entzuch vu Biergerrechter fir deen, deen sech géingt eng Impfung entscheet. ------------------------------------------------------------------------------ Nous voulons prendre notre décision pour ou contre le coronavaccin, en toute liberté et dans de bonnes conditions. Pour cette raison nous demandons : 1- un forum public qui, à côté de l’opinion officielle sur la pandémie, donne la parole à d’autres voix scientifiques. 2- la transparence de notre gouvernement en ce qui concerne le nouveau vaccin ( contrat d’achat, phases de tests et effets secondaires, efficacité, OGM et autres ingrédients…) 3- pas de privation de droits civiques pour les personnes, qui se décident contre la vaccination.

Motivatioun vun der Petitioun

Anzwënschenzeit ginn et eng ganz Rei Medikamenter, déi gutt Heelungserfolleger bréngen. Zuel vun deene Leit, déi zu Lëtzebuerg um Covid19 stierwen, ass seit 2 Méint ganz niddreg. Trotzdem heescht et : Ouni Vaccin kéinte mir net zu eisem gewinnte Liewen zeréckkommen. D’WHO, d’EU, de Gavi an d’Pharmaindustrie maachen Drock op eis Regierungen fir e séiere Vaccin. Dat erënnert eis vaméis un d’Schwéngsgripp 2009. De Pandemrix war och e séiere Vaccin, a net ausgetest. 1300 Leit, dorënner vill Kanner, hunn e schwéieren Impfschued dovu gedroen, a si fir hirt Liewen handicapéiert…….weenst enger Gripp, déi vu selwem verschwonnen ass. 10 Joer duerno gouf de Bilan gemaach. Kuckt op rtl.lu de Magazin iwwert d’Narkolepsie (9.10.2019) ! Dës Kéier stelle mir d’Froen ier een zu Schued kënnt : 1- Wat heescht et, wann d’Präsidentin vun der EU-Kommission eis e séieren a sëcheren Vaccin versprécht ? An 12-18 Méint, wou et normalerweis 3-5 Joer brauch, fir all Testphasen ofzeschléissen ? Zu gläicher Zeit seet den Här Gates, hien erwaard sech 700.000 Impfschied bei 7 Milliarden Impfungen. 2- Wéi ass et mat den mRNA Vaccinen, wou engem friemt Genmaterial agesprëtzt gëtt ? Do weess keen, wat dat op d’laang Weil mat eise Gene mécht. 3- Wéivill schützt eis e Vaccin, wann de Coronavirus weider mutéiert ? Et geet ëm eis Gesondheet…. an eis Fräiheet als Bierger vu Lëtzebuerg ! ---------------- Entretemps un nombre de médicaments permet de traiter le Covid avec succès . Le nombre de décès liés au coronavirus reste très bas au Luxembourg, et ce depuis 2 mois. Mais le narratif est toujours : sans vaccin nous ne pourrons pas retrouver notre vie habituelle. L’OMS, l’EU, le Gavi et l’industrie pharmaceutique font pression sur nos gouvernements pour un vaccin rapide. L’analogie avec la grippe aviaire H1N1 est frappante. En 2009 le vaccin rapide s’appelait Pandemrix et utilisait un adjuvant non testé. 1300 personnes ont eu des lésions vaccinales graves, dont beaucoup d’enfants. Aujourd’hui ils sont handicapés à vie….pour une grippe qui a disparu d’elle-même. Regardez sur rtl.lu : 5minutes / conséquence du vaccin contre la grippe porcine (10.10.2019) Cette fois-ci nous posons les questions auparavant : 1- La présidente de la commission européenne nous promet un vaccin rapide et sûr à la fois. En 12-18 mois alors qu’il faut 3-5 ans pour parfaire toutes les phases de tests ? En même temps Monsieur Gates s’attend à 700.000 cas de lésions vaccinales pour 7 milliards de vaccinations. 2- Qu’en est-il des vaccins ARNm qui utilisent du matériel génétique étranger ? Personne ne sait quel sera l’impact sur nos gènes à long terme. 3- Quelle serait l’efficacité d’un vaccin si le coronavirus continue à muter ? L’enjeu est notre santé…..et notre liberté citoyenne au Luxembourg ! Références : commission européenne : la stratégie de vaccination / 1 7 juin 2020 https:/youtu.be/rfgB Hdasns

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  12.11.2020
3169 /4.500
70%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
09.12.2020

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 1662 den 09-12-2020

25.11.2020

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

25.11.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1662 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 25-11-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 3169

25.11.2020

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 12

25.11.2020

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 3157

13.11.2020

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1662 z'ënnerschreiwen ass den 13-11-2020 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 3158

02.10.2020

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1662 ka vum 02-10-2020 un ënnerschriwwe ginn

01.10.2020

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

30.09.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1662 gouf den 30-09-2020 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-10-2020 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 12-11-2020 um 23h59

30.09.2020

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 30-09-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1662 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

27.07.2020

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1662 gouf den 27-07-2020 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir oder géint de Coronavaccin – eng wichteg an eng fräi Entscheedung ! / Pour ou contre le coronavaccin – une décision importante et libre !

Zil vun der Petitioun: Mir wëllen eis fräi Entscheedung, fir oder géingt e Coronavaccin, a gudde Konditiounen treffen.

Dofir froe mir :

 

1- eng breet, ëffentlech Diskussioun wou niewent der offizieller Pandemiemeenung

och aner wëssenschaftlech Stëmmen zu Wuert kommen.

2- Transparenz vun eiser Regierung wat de neie Vaccin betrëfft ( Kafvertrag, Testphasen a Niewewierkungen, Wirksamkeit,

OGM an aner Inhaltsstoffer…)

3- keen Entzuch vu Biergerrechter fir deen, deen sech géingt eng Impfung entscheet.

 

------------------------------------------------------------------------------

 

Nous voulons prendre notre décision pour ou contre le coronavaccin, en toute liberté et dans de bonnes conditions.

Pour cette raison nous demandons :

 

1- un forum public qui, à côté de l’opinion officielle sur la pandémie, donne la parole à d’autres voix scientifiques.

2- la transparence de notre gouvernement en ce qui concerne le nouveau vaccin

( contrat d’achat, phases de tests et effets secondaires, efficacité, OGM et autres ingrédients…)

3- pas de privation de droits civiques pour les personnes, qui se décident contre la vaccination.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Anzwënschenzeit ginn et eng ganz Rei Medikamenter, déi gutt Heelungserfolleger bréngen. Zuel vun deene Leit, déi zu Lëtzebuerg um Covid19 stierwen, ass seit 2 Méint ganz niddreg. Trotzdem heescht et : Ouni Vaccin kéinte mir net zu eisem gewinnte Liewen zeréckkommen. D’WHO, d’EU, de Gavi an d’Pharmaindustrie maachen Drock op eis Regierungen fir e séiere Vaccin. Dat erënnert eis vaméis un d’Schwéngsgripp 2009. De Pandemrix war och e séiere Vaccin, a net ausgetest. 1300 Leit, dorënner vill Kanner, hunn e schwéieren Impfschued dovu gedroen, a si fir hirt Liewen handicapéiert…….weenst enger Gripp, déi vu selwem verschwonnen ass. 10 Joer duerno gouf de Bilan gemaach. Kuckt op rtl.lu de Magazin iwwert d’Narkolepsie (9.10.2019) ! Dës Kéier stelle mir d’Froen ier een zu Schued kënnt : 1- Wat heescht et, wann d’Präsidentin vun der EU-Kommission eis e séieren a sëcheren Vaccin versprécht ? An 12-18 Méint, wou et normalerweis 3-5 Joer brauch, fir all Testphasen ofzeschléissen ? Zu gläicher Zeit seet den Här Gates, hien erwaard sech 700.000 Impfschied bei 7 Milliarden Impfungen. 2- Wéi ass et mat den mRNA Vaccinen, wou engem friemt Genmaterial agesprëtzt gëtt ? Do weess keen, wat dat op d’laang Weil mat eise Gene mécht. 3- Wéivill schützt eis e Vaccin, wann de Coronavirus weider mutéiert ? Et geet ëm eis Gesondheet…. an eis Fräiheet als Bierger vu Lëtzebuerg ! ---------------- Entretemps un nombre de médicaments permet de traiter le Covid avec succès . Le nombre de décès liés au coronavirus reste très bas au Luxembourg, et ce depuis 2 mois. Mais le narratif est toujours : sans vaccin nous ne pourrons pas retrouver notre vie habituelle. L’OMS, l’EU, le Gavi et l’industrie pharmaceutique font pression sur nos gouvernements pour un vaccin rapide. L’analogie avec la grippe aviaire H1N1 est frappante. En 2009 le vaccin rapide s’appelait Pandemrix et utilisait un adjuvant non testé. 1300 personnes ont eu des lésions vaccinales graves, dont beaucoup d’enfants. Aujourd’hui ils sont handicapés à vie….pour une grippe qui a disparu d’elle-même. Regardez sur rtl.lu : 5minutes / conséquence du vaccin contre la grippe porcine (10.10.2019) Cette fois-ci nous posons les questions auparavant : 1- La présidente de la commission européenne nous promet un vaccin rapide et sûr à la fois. En 12-18 mois alors qu’il faut 3-5 ans pour parfaire toutes les phases de tests ? En même temps Monsieur Gates s’attend à 700.000 cas de lésions vaccinales pour 7 milliards de vaccinations. 2- Qu’en est-il des vaccins ARNm qui utilisent du matériel génétique étranger ? Personne ne sait quel sera l’impact sur nos gènes à long terme. 3- Quelle serait l’efficacité d’un vaccin si le coronavirus continue à muter ? L’enjeu est notre santé…..et notre liberté citoyenne au Luxembourg ! Références : commission européenne : la stratégie de vaccination / 1 7 juin 2020 https:/youtu.be/rfgB Hdasns