Ëffentlech n°666

Petitionnär/in: Pierre Kremer, Marius Conan, Henri Entringer, Alexandre Hornbeek, Dan Klein, Guy Hebeler, Tom Kugener, Marco Minelli

D'Spaghettimonsterkierch zu Lëtzebuerg offiziell unerkennen! Reconnaître officiellement l'Église pastafarienne au Grand-Duché de Luxembourg!

Zil vun der Petitioun

D'pastafarianesch Kierch, och "Kierch vum Fléiende Spaghettimonster" genannt, huet weltwäit ëmmer méi nei Gleeweg. Hir national Branche, bekannt als "FSM Lëtzebuerg", huet och däitlech méi Membere wéi déi aner Reliounsgemeinschaften am Land (geschätzt duerch d'Extrapolatioun vun de Resultater vun enger repräsentativer Ëmfro op Facebook ). Mä dëse Glawen ass net offiziell vum lëtzebuerger Staat unerkannt. Dësen nationalen Defizit muss behuewe ginn. L'Église pastafarienne, aussi appelée "Église du Monstre en Spaghetti Volant", assiste à un véritable afflux de nouveaux croyants au niveau mondial. Sa branche nationale, connue sous le nom de « FSM Luxembourg », a aussi nettement plus de membres que les autres communautés religieuses dans le pays (estimation obtenue par extrapolation des résultats d'une étude représentative sur Facebook). Pourtant, cette croyance ne connaît aucune reconnaissance officielle par l'État luxembourgeois. Ce déficit doit être comblé au niveau national.

Motivatioun vun der Petitioun

De lëtzebuerger Staat huet bis elo just déi monothéistesch Reliounen unerkannt, déi all aus enger klenger Regioun aus dem Noen Oste kommen an ëmmer méi Unhänger verléieren. D'pastafarianesch Kierch, déi irréfutabel Beweiser huet, dass een onsiichtbart a net noweisbart fléiend Spaghettimonster d'Universum geschaf huet nodeems et ze vill gedronk hat, ass eng logesch, modern a fortschrëttlech Relioun, déi vill Mënschen an der Welt usprécht. Mir mussen de Mënschen hëllefen, duerch hire Glawen Zougang zum pastafarianesche Paradäis ze fannen an dem et Béiervulkaner, Stripperinnen a Stripper no jidderengem sengem Goût gëtt. De Pastafarianismus ass schonn a ville Gesellschaften unerkannt déi nach e gudde Strapp méi konservativ a kathoulesch si wéi Lëtzebuerg, wéi den Texas (2013) oder Polen (2014). Am Dezember 2015 huet Neuseeland der Kierch vum fléiende Spaghettimonster erlaabt Bestietnisser ze zelebréieren. Am Januar 2016 huet Holland de Pastafarianismus administrativ als Relioun unerkannt. Et gëtt héich Zäit, dass Lëtzebuerg dat och mécht. Ramen! L'État luxembourgeois a jusqu'à présent uniquement reconnu six religions monothéistes, toutes originaires d'une petite région située dans le Moyen Orient et perdant de plus en plus d'adeptes. L'Église pastafarienne, qui a des preuves irréfutables qu'un Monstre en Spaghetti Volant invisible et indétectable a créé l'univers après avoir trop bu, est, elle, une religion logique, moderne et progressive qui séduit un grand nombre de personnes dans le monde entier. Il faut aider la population à trouver la foi permettant d'accéder au paradis pastafarien abritant des volcans de bière, des stripteaseurs et stripteaseuses selon les goûts de chacun. Le pastafarisme est déjà reconnu dans des sociétés nettement plus conservatrices et catholiques que le Luxembourg, comme par exemple le Texas (2013) ou encore la Pologne (2014). En décembre 2015, la Nouvelle-Zélande a autorisé l'Église du Monstre en Spaghetti Volant à célébrer des mariages. En janvier 2016, les Pays-Bas ont reconnu administrativement le pastafarisme comme religion. Il est temps que le Luxembourg fasse pareil. Ramen!

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  18.07.2016
1157 /4.500
26%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
05.09.2016

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 666 den 05-09-2016

25.07.2016

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 1141

25.07.2016

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

25.07.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 666 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 25-07-2016 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 1157

19.07.2016

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 666 z'ënnerschreiwen ass den 19-07-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1141

19.07.2016

Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 16

06.06.2016

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 666 ka vum 06-06-2016 un ënnerschriwwe ginn

02.06.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 666 gouf den 02-06-2016 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-06-2016 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-07-2016 um 23h59

31.05.2016

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 31-05-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 666 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

19.05.2016

D'ëffentlech Petitioun Nr. 666 gouf den 19-05-2016 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: D'Spaghettimonsterkierch zu Lëtzebuerg offiziell unerkennen! Reconnaître officiellement l'Église pastafarienne au Grand-Duché de Luxembourg!

 

Zil vun der Petitioun: D'pastafarianesch Kierch, och "Kierch vum Fléiende Spaghettimonster" genannt, huet weltwäit ëmmer méi nei Gleeweg. Hir national Branche, bekannt als "FSM Lëtzebuerg", huet och däitlech méi Membere wéi déi aner Reliounsgemeinschaften am Land (geschätzt duerch d'Extrapolatioun vun de Resultater vun enger repräsentativer Ëmfro op Facebook ). Mä dëse Glawen ass net offiziell vum lëtzebuerger Staat unerkannt. Dësen nationalen Defizit muss behuewe ginn.

L'Église pastafarienne, aussi appelée "Église du Monstre en Spaghetti Volant", assiste à un véritable afflux de nouveaux croyants au niveau mondial. Sa branche nationale, connue sous le nom de « FSM Luxembourg », a aussi nettement plus de membres que les autres communautés religieuses dans le pays (estimation obtenue par extrapolation des résultats d'une étude représentative sur Facebook). Pourtant, cette croyance ne connaît aucune reconnaissance officielle par l'État luxembourgeois. Ce déficit doit être comblé au niveau national.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De lëtzebuerger Staat huet bis elo just déi monothéistesch Reliounen unerkannt, déi all aus enger klenger Regioun aus dem Noen Oste kommen an ëmmer méi Unhänger verléieren. D'pastafarianesch Kierch, déi irréfutabel Beweiser huet, dass een onsiichtbart a net noweisbart fléiend Spaghettimonster d'Universum geschaf huet nodeems et ze vill gedronk hat, ass eng logesch, modern a fortschrëttlech Relioun, déi vill Mënschen an der Welt usprécht. Mir mussen de Mënschen hëllefen, duerch hire Glawen Zougang zum pastafarianesche Paradäis ze fannen an dem et Béiervulkaner, Stripperinnen a Stripper no jidderengem sengem Goût gëtt. De Pastafarianismus ass schonn a ville Gesellschaften unerkannt déi nach e gudde Strapp méi konservativ a kathoulesch si wéi Lëtzebuerg, wéi den Texas (2013) oder Polen (2014). Am Dezember 2015 huet Neuseeland der Kierch vum fléiende Spaghettimonster erlaabt Bestietnisser ze zelebréieren. Am Januar 2016 huet Holland de Pastafarianismus administrativ als Relioun unerkannt. Et gëtt héich Zäit, dass Lëtzebuerg dat och mécht. Ramen!

L'État luxembourgeois a jusqu'à présent uniquement reconnu six religions monothéistes, toutes originaires d'une petite région située dans le Moyen Orient et perdant de plus en plus d'adeptes. L'Église pastafarienne, qui a des preuves irréfutables qu'un Monstre en Spaghetti Volant invisible et indétectable a créé l'univers après avoir trop bu, est, elle, une religion logique, moderne et progressive qui séduit un grand nombre de personnes dans le monde entier. Il faut aider la population à trouver la foi permettant d'accéder au paradis pastafarien abritant des volcans de bière, des stripteaseurs et stripteaseuses selon les goûts de chacun. Le pastafarisme est déjà reconnu dans des sociétés nettement plus conservatrices et catholiques que le Luxembourg, comme par exemple le Texas (2013) ou encore la Pologne (2014). En décembre 2015, la Nouvelle-Zélande a autorisé l'Église du Monstre en Spaghetti Volant à célébrer des mariages. En janvier 2016, les Pays-Bas ont reconnu administrativement le pastafarisme comme religion. Il est temps que le Luxembourg fasse pareil. Ramen!

 

19.05.2016

Depot