Einfach n°471

Petitionnär/in: Fabio Secci

Géint déi Killer-Beem déi laanscht eis Stroossen all Joer klengste Fuerfeeler ouni Verhandlung mam direkten Doud oder mat liewenslaange Verkrëppelunge bestrofen!

Zil vun der Petitioun

Eigentlech misst et jo esou sinn, dat een et als virsiichtegen Autofuerer misst fäerdeg bréngen säi Gefier esou ze lenken dat een net vun der Strooss ofkënnt. Mais, et ass nun emol eng Realitéit, dass dat net jidderengem geléngt! Ech fannen et dofir absolut inacceptabel, dat eis Gesellschaft des Realitéit ignoréiert an den Affer vum Akzident d'Schold ginn a verdéngt hätte si et souwisou! Et ass nämlech net ëmmer d'Vitesse déi schold drun ass, mais et sinn oft och aner Ursaachen oder eng Verknäppung vun Ursaachen ewéi schlecht Stroossebedingungen (schmiereg Blieder, Bulli vun deenen Honnerte Chantier'en wou et de Baufirme komplett egal ass weivill Tonne Bulli si op d'Stroosse schleefen, Frascht, asw. ) oder mangelhaft Beschëlderung, resp. fehlend Schutzmoossnamen (Leitplanken), déi zu engem Verkéiersaccident feieren. All Kéiers dann, wann een eigentlech "nëmmen" géing vun der Strooss ofkommen, wier d'Konsequenz oft "nëmmen" Materialschued a manner schwéier Verletzungen! Mais all Kéiers dann, wann een an esou een topesche Bam rennt, deen um Rand vun eise Stroosse steet, dann ass d'Iwwerliewenschance vun all deenen déi am Gefier setze vill méi kleng a wann een, wat och oft de Fall ass, vum Bam nees zeréck an d'Strooss geschleidert gëtt, sinn oft och nach aner Leit a Gefor déi op der selwechter Platz ënnerwee sinn! Ronds-Points'en ginn entschäerft, am Ausland sinn bal iwwerall déi Beem laanscht d'Stroossen ewech geholl ginn, mais hei am Land ginn se behandelt ewéi helleg Kéi an Indien! Mir hunn gewëssen Beem am Land, déi geméiss d'Definitioun regelrecht Serienkiller sinn: NET EMOL DÉI ginn ewech geholl!!! Wann mer dann schonn der Meenung sinn, dat mer eis x Doudeger all Joer kennen am Stroosseverkéier mat de Beem leeschten (wat eigentlech eng Schan ass), dann sollten dach op mannst déi bekannte Killerbeem an hir direkt Noperen ewech geholl ginn! D' Doudesstrof zu Lëtzebuerg ass schonn laang ofgeschaf, a mir sollten d'Riichter laanscht eis Stroossen, déi oft nëmmen ee klenge Fuerfeeler ouni Verhandlung mam Doud oder mat liewenslaange Verschnëppelunge bestrofen, och endlech ofschafen! Dës Petitioun soll also déi politesch Verantwortlech dozou bréngen, eng Décisioun ze treffe fir a) entweder "nëmmen" déi bekannte Beem un deene schonn Léit gestuerwe sinn an hir direkt Noperen, oder awer b) generell all Beem laanscht d'Landstroossen ewech huelen ze loossen.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
12.05.2015

D'einfach Petitioun Nr. 471 ass den 12-05-2015 ofgeschloss ginn

17.12.2014

Informatioun un de Petitionär

13.11.2014

Ëmwandelung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 471 an eng ordinär Petitioun, nodeems se den 13-11-2014 vun der Presidentekonferenz als irrecevabel deklaréiert gouf