Einfach n°408

Petitionnär/in: Max Fleischhauer

Fir e verbesserten ëffentlechen Transport owes

Zil vun der Petitioun

Den ëffentlechen Transport Owes ass onregelméisseg an bréng laang Waardezäiten oder souguer guer keng Unschless méi mat sech. Grad Leit déi bis oder vun Owes un schaffen géifen Profitéieren wann si Owes méi Busser kreischten, an villäicht souguer op den Auto verzichten wat der Ëmwelt zougudd kennt. D Petitioun soll hëllefen e Regelméissegen ëffentlechen Transport un min. 18 Stonnen vun 24 am Daach garantéieren.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
12.05.2015

D'einfach Petitioun Nr. 408 ass den 12-05-2015 ofgeschloss ginn

25.02.2015

Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung mat Ufro fir d'Cloture

04.02.2015

Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 408 ass disponibel, den 04-02-2015

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
19.11.2014

Erënnerungsbréif

06.10.2014

Informatioun un de Petitionär iwwert de Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun an eng einfach Petitioun

06.10.2014

Eng Stellungsnam ass den 06-10-2014 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 408 ugefrot ginn

Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

02.10.2014

Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 408, déi de Seuil vun den Ënnerschrëften net erreecht huet