Petitionnär/in: Gérard Philipp
Camion Transitverkéier mat liewegen Déieren duerch onst Land soll grondsätzlech verbuede ginn
Zil vun der Petitioun
Lëtzebuerg soll dat éischt Land ginn wat konsequent seet datt bei ons Transitverkéier mat liewegen Déieren duerch onst Land verbueden ass.
Motivatioun vun der Petitioun
Ëmmer erëm héiert een datt d‘Police oder d‘Douane Déierentransporter unhält an protokolléiert well Déier net uerdnungsgemäss transportéiert ginn. Oft gesäit een verschidden Transporter am Summer am Stau oder ob der Tankstell stoen wou Déieren Qualen erleiden mussen bevir et erëm weider geet. Ganz schlëmm ass et wann sou Transporter an Accidenter verwéckelt sinn wou Déieren nach ob der Platz mussen erléist ginn. Duerfir sollten Transporter mat liewegen Déieren duerch ons Land grondsätzlech verbuede ginn.
D’Etappe vun dëser Petitioun
D'einfach Petitioun Nr. 1048 ass den 15-05-2019 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Prise de position gouvernementale restée sans suite
Transmission de la prise de position du Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1048 ass disponibel, den 06-02-2019
Minister(en):
Eng Stellungsnam ass den 11-01-2019 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 1048 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics