Petitionnär/in: Carlo Bretz
Géint d'Zäitëmstellung
Zil vun der Petitioun
Firwaat ech geint Summer-Wanterzäit sin ass ganz einfach. Et gi vill eeler Leit, déi laang brauchen fir déi Emstellung ze verkraaften an sech dru gewinnt hunn. Ausserdem ginn et viel Leit, déi kee Sënn méi gesinn dass mir d'Auer sollen ëmstellen.Natierlech soll eng europawäit Emstellung gemaach ginn. Ech gesinn dora kee Sënn méi well et absolut egal ass, ob et elo um 17.00 Auer däischter gëtt oder um 18.00 Auer an dat nämlecht gëlt fir mures, ob et elo um 8.00 Auer hell gëtt oder um 7.00 Auer. An et soll mir kee kommen an soen, dass doduerch Stroum gespuert gëtt, well wat ee mures spuert gëtt owes erëm verbraucht.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 104
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 429 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-12-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 104
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 429 z'ënnerschreiwen ass den 10-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 105
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 429 ka vum 28-10-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 429 gouf den 27-10-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-10-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-12-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-10-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 429 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 429 gouf den 15-09-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Géint d'Zäitëmstellung
Zil vun der Petitioun: Firwaat ech geint Summer-Wanterzäit sin ass ganz einfach. Et gi vill eeler Leit, déi laang brauchen fir déi Emstellung ze verkraaften an sech dru gewinnt hunn. Ausserdem ginn et viel Leit, déi kee Sënn méi gesinn dass mir d'Auer sollen ëmstellen.Natierlech soll eng europawäit Emstellung gemaach ginn.
Ech gesinn dora kee Sënn méi well et absolut egal ass, ob et elo um 17.00 Auer däischter gëtt oder um 18.00 Auer an dat nämlecht gëlt fir mures, ob et elo um 8.00 Auer hell gëtt oder um 7.00 Auer.
An et soll mir kee kommen an soen, dass doduerch Stroum gespuert gëtt, well wat ee mures spuert gëtt owes erëm verbraucht.