Petitionnär/in: Thierry Palgen
Verbindlech Gemengen a Nationalreferenden / Référendums communaux et nationaux contraignants / Verbindliche kommunale und nationale Referenden
Zil vun der Petitioun
D'Zil vun dëser Petitioun ass fir d'Gemengen- an Nationalreferenden rechtlech verbindlech fir déi betraffe Gremien (Gemengerot, Chamber vun den Deputéierten, Regierungsrot) ze maachen. De Fakt dass dës Ofstëmmungen momentan net verbindlech sinn stellt de Prinzip vun der Demokratie a Fro. Zwar ginn d'Bierger ëm hier Meenung gefrot, an nawell kënnen déi Gewielten maachen wéi si wëllen. Domadder hätt de Referendum keng Dosinnsberechtegung. Et stellt sech och d'Fro vum Gläichgewiicht tëschent de Bierger an de Gewielten. Wéi kann et sinn dass d'Bierger mussen d'Meenung (Gesetzer) vun den Gewielten akzeptéieren, an dës awer net d'Meenung vun de Bierger? Schliisslech kruten déi Gewielten d'Vertrauen vun de Bierger zur Verfügung gestallt. Duerch déi net verbindlech Referenden kënnen déi Gewielten dat Vertrauen an engem onausgeglachenem Muechtverhältnis ausnotzen.
Motivatioun vun der Petitioun
Dat gemeinsamt Wuelbefannen ass doduercher motivéiert dass mat enger géigesäiteger Verbindlechkeet vun de Meenungen, d'Vertrauen dat déi Gewielte kréien net kann als Muecht ausgenotzt ginn. Doduercher dass de Bierger hier Meenung gefrot an respektéiert gëtt, ginn se och motivéiert fir un de politeschen Entscheedungen deel ze huelen.
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1425 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 08-01-2020 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 96
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 96
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1425 z'ënnerschreiwen ass den 31-12-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 97
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1425 ka vum 19-11-2019 un ënnerschriwwe ginn
Text vun der Petitioun
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1425 gouf den 14-11-2019 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-11-2019 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-12-2019 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-11-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1425 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 1425 gouf den 22-10-2019 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Verbindlech Gemengen a Nationalreferenden /
Référendums communaux et nationaux contraignants /
Verbindliche kommunale und nationale Referenden
Zil vun der Petitioun: D'Zil vun dëser Petitioun ass fir d'Gemengen- an Nationalreferenden rechtlech verbindlech fir déi betraffe Gremien (Gemengerot, Chamber vun den Deputéierten, Regierungsrot) ze maachen.
De Fakt dass dës Ofstëmmungen momentan net verbindlech sinn stellt de Prinzip vun der Demokratie a Fro. Zwar ginn d'Bierger ëm hier Meenung gefrot, an nawell kënnen déi Gewielten maachen wéi si wëllen. Domadder hätt de Referendum keng Dosinnsberechtegung.
Et stellt sech och d'Fro vum Gläichgewiicht tëschent de Bierger an de Gewielten. Wéi kann et sinn dass d'Bierger mussen d'Meenung (Gesetzer) vun den Gewielten akzeptéieren, an dës awer net d'Meenung vun de Bierger? Schliisslech kruten déi Gewielten d'Vertrauen vun de Bierger zur Verfügung gestallt.
Duerch déi net verbindlech Referenden kënnen déi Gewielten dat Vertrauen an engem onausgeglachenem Muechtverhältnis ausnotzen.
Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Dat gemeinsamt Wuelbefannen ass doduercher motivéiert dass mat enger géigesäiteger Verbindlechkeet vun de Meenungen, d'Vertrauen dat déi Gewielte kréien net kann als Muecht ausgenotzt ginn.
Doduercher dass de Bierger hier Meenung gefrot an respektéiert gëtt, ginn se och motivéiert fir un de politeschen Entscheedungen deel ze huelen.