Einfach n°429

Petitionnär/in: Carlo Bretz

Géint d'Zäitëmstellung

Zil vun der Petitioun

Firwaat ech geint Summer-Wanterzäit sin ass ganz einfach. Et gi vill eeler Leit, déi laang brauchen fir déi Emstellung ze verkraaften an sech dru gewinnt hunn. Ausserdem ginn et viel Leit, déi kee Sënn méi gesinn dass mir d'Auer sollen ëmstellen.Natierlech soll eng europawäit Emstellung gemaach ginn. Ech gesinn dora kee Sënn méi well et absolut egal ass, ob et elo um 17.00 Auer däischter gëtt oder um 18.00 Auer an dat nämlecht gëlt fir mures, ob et elo um 8.00 Auer hell gëtt oder um 7.00 Auer. An et soll mir kee kommen an soen, dass doduerch Stroum gespuert gëtt, well wat ee mures spuert gëtt owes erëm verbraucht.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Ëffentlech Petitioun uweisen.

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
21.01.2015

D'einfach Petitioun Nr. 429 ass den 21-01-2015 ofgeschloss ginn

16.12.2014

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 429, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an eng ordinär Petitioun den 16-12-2014