Petitionnär/in: André Bigelbach
GÉINT MOBIL A FIX RADAREN!
Zil vun der Petitioun
An engem Moment wou am Ausland de Sënn vu fixen, awer och vu mobile Radaren ëmmer méi a Fro gestallt gëtt (machines à fric, moderne Wegelagerei), wëll den Nohaltegkeetsministär dës ëmstridden Iwwerwaachungs- a Repressiounsinstrumenter elo och dem Verkéier hei zu Lëtzebuerg opzwéngen.- Wa jiddereen permanent fäerte muss, an eng Radarfal ze tappen, da féiert dat zu méi Stress, méi Ierger an domat zu méi Onsécherheet am Verkéier. Doniewent kënnt een enormen finanziellen a bürokrateschen Opwand op eist klengt Land duer, dee kloer disproportional ass zum gewënschten "Angscht-Effekt".- Wär et net besser, wann den Nohaltegkeetsministär déi geplangten 15 Milliounen Euro an d'Ofséchere vu Plazen investéire giff, wou heefeg Accidenter virkommen?- Lëtzebuerg brauch keng nei Radaren, mä eng nei, a virun allem intelligent Präventiounspolitik!
D’Etappe vun dëser Petitioun
Weiderleedung vun der Stellungnahm vun der Regierung mat Ufro fir d'Cloture
Eng Stellungnam iwwert d'einfach Petitioun Nr. 383 ass disponibel, den 04-02-2015
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures
Informatioun un de Petitionär iwwert de Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun an eng einfach Petitioun
Eng Stellungsnam ass den 30-07-2014 iwwert d'einfach Petitioun Nr. 383 ugefrot ginn
Minister(en): Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures