Petitionnär/in: GEORGES GOEDERT
FIR ENG REFORM VUM PUNKTESYSTEM BEIM FÜHRERSCHÄIN (keen Cumul vun de Punkten)
Zil vun der Petitioun
Et ging héich Zäit gi fir eng Reform vum Punkteführerschäin. Et ka jo net sinn, dass een fir seng Fehler aus der Vergaangenheet och rem bei engem neien Delikt bestrooft gett an duerch de Cumul vun de Punkten iergendwann muss fäerten, säi Führerschäin ze verléieren. Z.B. ech bleiwen haut net bei engem Stoppschëld stoen a ginn dowinst ugehalen. Ech kréien dorophin 2 Punkte vu mengem Konto ofgezunn an eng Amende vun 145,-EUR. Des Punkten kritt een u sech no 3 Joer neess erëm wa kee weideren Delikt dobäi kënnt. 2,5 Joer nodeems di 2 Punkte vum Konto ofgaangen sinn, gëtt een z.B. ugehalen winnst ze héiger Vitesse. 110 km/h amplaz vun 90 km, wat jo mol ka virkommen. 2 Punkten an 145,-EUR Strof. An elo de sprangenden Punkt. Elo ginn nämlech di nei Punkte bei meng al derbäi gerechent an erëm fir 3 Joer blockéiert, soudass een erëm zousätzlech fir säin alen Delikt bestrooft gëtt. Et wier héich un der Zäit dest ze änneren!!
D’Etappe vun dëser Petitioun
Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 447 den 15-12-2014
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 447 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 15-12-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 61
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 447 z'ënnerschreiwen ass den 06-12-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 61
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 447 ka vum 24-10-2014 un ënnerschriwwe ginn
D'ëffentlech Petitioun Nr. 447 gouf den 23-10-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-10-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-12-2014 um 23h59
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-10-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 447 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
D'ëffentlech Petitioun Nr. 447 gouf den 05-10-2014 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: FIR ENG REFORM VUM PUNKTESYSTEM BEIM FÜHRERSCHÄIN (keen Cumul vun de Punkten)
Zil vun der Petitioun: Et ging héich Zäit gi fir eng Reform vum Punkteführerschäin. Et ka jo net sinn, dass een fir seng Fehler aus der Vergaangenheet och rem bei engem neien Delikt bestrooft gett an duerch de Cumul vun de Punkten iergendwann muss fäerten, säi Führerschäin ze verléieren. Z.B. ech bleiwen haut net bei engem Stoppschëld stoen a ginn dowinst ugehalen. Ech kréien dorophin 2 Punkte vu mengem Konto ofgezunn an eng Amende vun 145,-EUR. Des Punkten kritt een u sech no 3 Joer neess erëm wa kee weideren Delikt dobäi kënnt. 2,5 Joer nodeems di 2 Punkte vum Konto ofgaangen sinn, gëtt een z.B. ugehalen winnst ze héiger Vitesse. 110 km/h amplaz vun 90 km, wat jo mol ka virkommen. 2 Punkten an 145,-EUR Strof. An elo de sprangenden Punkt. Elo ginn nämlech di nei Punkte bei meng al derbäi gerechent an erëm fir 3 Joer blockéiert, soudass een erëm zousätzlech fir säin alen Delikt bestrooft gëtt. Et wier héich un der Zäit dest ze änneren!!