Ëffentlech n°357

Petitionnär/in: Philippe LEMAIRE

Méi Sécherheet op de Stroossen

Zil vun der Petitioun

Leitplanken viru Beem oder Beem ewechmaachen laanscht Stroossen - fir manner Doudeger am Verkéier Et geet an der genannter Petitioun ganz kloer dorëm, Doudeger an Verletzer op den Stroossen ze vermeiden andeems ee Beem laanscht d'Strooss ouni Leitplank virdrun net toleréiert. Dëst ass eendeiteg am nationalen Interesse well ongeféier 40-50 Leit all Joer op eise Stroosse stierwen oder verletzt ginn an dat net zulescht doduerch, datt se vun der Strooss ofkommen an an e Bam rennen. Ech kennen perséinlech Leit, déi sou gestuerwe sinn oder sou uerg verletzt goufen. Beem gi bekanntlech net no an wann se direkt laanscht d'Strooss stinn stellen se en considérabelt Sécherheetsrisiko fir Autofuerer duer. Ech ginn souguer nach méi wäit a behaapten, datt Beem direkt laanscht d'Strooss am héchste Moos idiotesch sinn. Dowéinst sollt ee Beem direkt laanscht d'Strooss entweder ofmaachen an enzwousch anescht nei Beem planzen oder systematesch eng Leitplank viru Beem stellen an dofir steet des Petitioun.

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  11.07.2014
38 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
14.07.2014

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 38

14.07.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 357 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 38

Reklassement: ze reklasséieren

12.07.2014

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 357 z'ënnerschreiwen ass den 12-07-2014 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 38

30.05.2014

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 357 ka vum 30-05-2014 un ënnerschriwwe ginn

30.05.2014

Lettre d'information au pétitionnaire au sujet de la période de signature avec transmission à la Commission du Développement durable

28.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 357 gouf den 28-05-2014 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 30-05-2014 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-07-2014 um 23h59

22.05.2014

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-05-2014 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 357 ass positiv

05.05.2014

D'ëffentlech Petitioun Nr. 357 gouf den 05-05-2014 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Méi Sécherheet op de Stroossen

 

Zil vun der Petitioun: Leitplanken viru Beem oder Beem ewechmaachen laanscht Stroossen - fir manner Doudeger am Verkéier

Et geet an der genannter Petitioun ganz kloer dorëm, Doudeger an Verletzer op den Stroossen ze vermeiden andeems ee Beem laanscht d'Strooss ouni Leitplank virdrun net toleréiert. Dëst ass eendeiteg am nationalen Interesse well ongeféier 40-50 Leit all Joer op eise Stroosse stierwen oder verletzt ginn an dat net zulescht doduerch, datt se vun der Strooss ofkommen an an e Bam rennen. Ech kennen perséinlech Leit, déi sou gestuerwe sinn oder sou uerg verletzt goufen. Beem gi bekanntlech net no an wann se direkt laanscht d'Strooss stinn stellen se en considérabelt Sécherheetsrisiko fir Autofuerer duer. Ech ginn souguer nach méi wäit a behaapten, datt Beem direkt laanscht d'Strooss am héchste Moos idiotesch sinn. Dowéinst sollt ee Beem direkt laanscht d'Strooss entweder ofmaachen an enzwousch anescht nei Beem planzen oder systematesch eng Leitplank viru Beem stellen an dofir steet des Petitioun.